X

ZLS NEWS

Facettë vum Lëtzebuergeschen

Virtuelle Colloque vun der Luxemburgistik – Summersemester 2021

Dës Kéier geet et ëm d'Normverhandlung a -verbreedung vum geschriwwene Lëtzebuergeschen, ëm fiktiv Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur, ëm d’Lëtzebuerger Futtballsprooch an och ëm Sentimentanalys.

Wéi och d’lescht Semester gëtt de Colloque online iwwer WebEx gehalen. Hei drënner d'Iwwersiicht an hei och den direkte Link, fir sech anzeloggen.

 

 

Weider Infoen op Infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg.