X

ZLS NEWS

Den LOD op woerterbuchnetz.de

Nieft dem "Luxemburger Wörterbuch" ass elo och de "Lëtzebuerger Online Dictionnaire" an deem prakteschen Netzwierk verlinkt

Iwwer dee Portal (https://woerterbuchnetz.de) sinn eng 35 verschidde lexikografesch Ressourcen aus dem däitschsproochege Raum gratis zougänglech.

Konkreet bedeit dat, datt ee mat enger eenzeger Sich Zougrëff op Informatiounen aus ganz ënnerschiddleche Quelle ka kréien. Deemno kënnt do op enger zentraler Plaz e gewaltegt sproochlecht Wëssen zesummen.

 

 

Nieft dem LOD sinn och méi al Lëtzebuerger Dictionnairen am WBN, dorënner dat bekanntent Luxemburger Wörterbuch (1950-1977), awer och d’Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (1906) an de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (1847), déi allen dräi op der Uni Lëtzebuerg digitaliséiert goufen.

 

 

Op RTL.lu fannt Dir zu deem Theema e klenge Reportage: d'Michèle Schons am Gespréich mam LOD-Lexikograf Alexandre Ecker.