X

ZLS NEWS

En Häerz fir de Mäerz

Am Mäerz stelle mer Iech all Dag e Phenomeen vun de Verben am Lëtzebuergesche vir

En Häerz fir de Mäerz: An de soziale Medie stelle mir all Dag en interessante Phenomeen vun de lëtzebuergesche Verbe vir!

molen, mee dir moolt

schreiwen, mee du schreifs

maachen, mee hie mécht

halen, mee ech houl

...

Den Hannergrond vun eiser Aktioun ass natierlecht eist neit Verbebuch, D'Lëtzebuerger Verben, an eisen neie Verbesite: www.verben.lu.

De Verbemäerz fannt Dir op Twitter, op Facebook an op Instagram.

Followt eis, mir freeën eis op Iech!