Nom Reegelwierk D’Lëtzebuerger Orthografie wëllt dat neit Wierk mam Titel D’Lëtzebuerger Verben eng praktesch Hëllef beim Konjugéieren duerstellen. Eppes iwwer 6.000 Verbe sinn aktuell am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) verzeechent, all mat enger Konjugatiounstabell. Si sinn dʼBasis fir dat neit Verbebuch, dat de Lieser vun der Lëscht mat de Stammzäiten allkéiers bei eng komplett Verbtabell féiert: Net manner ewéi 82 Mustertabellen (an der Reiefolleg Hëllefsverben, Modalverben, Vollverben) presentéieren déi ganz Panoplie vun der Flexioun. Fir d’Mustertabelle goufe virun allem Verben ausgewielt, déi besonnesch heefeg am LOD opgeruff ginn.
>>> Kuckt och eisen neien Internetsite verben.lu!
>>> Eis Bicher fannt Dir an de Librairien an op letzshop.lu.
Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a SCRIPT
DʼLëtzebuerger Verben
ISBN 978-99959-1-205-5, 256 Säiten, 18 Euro
Hei d'Virwuert aus der neier Publikatioun
En aktualiséiert Verbebuch fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Wat géife mer nëmmen ouni Verbe maachen – soen an héieren, denken an dreemen, fillen a spieren? Wéi keng aner Wuertaart weisen d’Verben am Lëtzebuergeschen, wéi aktiv de Mënsch ass oder wéi passiv e ka sinn, wéi e sech an der Zäit, am Raum an a Gedanke beweegt: Ech soen, du héiers, hien/hatt/si denkt, mir dreemen, dir fillt, si spieren.
D’Flexioun vun de Verbe gëtt als Konjugatioun bezeechent a well se am Lëtzebuergeschen alles anescht ewéi einfach ass, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) et als sënnvoll ugesinn, en aktualiséiert Verbebuch erauszebréngen – als Nofollger vum sou genannte grénge Verbebuch (Les verbes luxembourgeois vun 2005), dat jorelaang gutt Déngschter geleescht huet. Nom Reegelwierk D’Lëtzebuerger Orthografie wëllt dat neit Wierk mam Titel D’Lëtzebuerger Verben eng
praktesch Hëllef beim Konjugéieren duerstellen. An e puer Joer soll D’Lëtzebuerger Grammaire d’Trilogie vun de Reegele completéieren. D’Publikatioun dovunner gehéiert jo zu de Missioune vum ZLS.
D’Lëtzebuerger Sprooch lieft! Dat huet déi completéiert an aktualiséiert Orthografie vum November 2019 bewisen. Den Echo war gutt, d’Nofro risegrouss. Zanter der Rentrée 2020 ass dës Orthografie eleng a Kraaft. Am Kapitel 5 gëtt d’Schreifweis vun de Verbe gereegelt. Se sinn och e Sujet am Kapitel 7, an deem et ëm déi englesch Wierder am Lëtzebuergesche geet.
Eppes iwwer 6.000 Verbe sinn aktuell am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) verzeechent, all mat Konjugatiounstabell. Kuckt een sech déi un, gëtt engem séier kloer, datt eng Andeelung a reegelméisseg an onreegelméisseg Verben ze kuerz gräift. Eng richteg Hëllef ass e Verbebuch virun allem dann, wann et vum Infinitiv bei eng komplett Verbtabell féiert. Genee dat ass den Usproch vun dësem Buch. Net manner ewéi 82 Mustertabellen (an der Reiefolleg Hëllefsverben, Modalverben, Vollverben) presentéieren déi ganz Panoplie vun der Flexioun. Et ass an der Haaptsaach de Present, dee fir d’Zouuerdnung berücksichtegt gouf. Mam Participe passé, dem Hëllefsverb an dem Imperativ als weider Krittäre wieren et nach eng Hellewull méi Mustertabelle ginn, wat op Käschte vun der Iwwersiichtlechkeet gaange wier. Ausserdeem informéiert doriwwer d’Lëscht mat de Stammzäiten (a mat Verweis op eng Mustertabell) hannen am Buch. Fir d’Mustertabelle goufen am Prinzip lauter Verben ausgewielt, déi besonnesch heefeg am LOD opgeruff ginn.
Esou eng ëmfaassend Klassifikatioun mat Verweisstruktur ass eng Première fir d’Verbe vun der Lëtzebuerger Sprooch. Fir se sënnvoll ze gruppéieren, goufen se réckleefeg klasséiert: Aus abannen gouf „nennaba“, aus verkasematuckelen „nelekcutamesakrev“ an aus zwangsrekrutéieren „nereiéturkersgnawz“. Esou krut een zum Beispill sämtlech Verben op -éieren oder op -elen op ee Coup ze paken an et konnt een se engem Paradigma zouuerdnen. Verschidde Mustertabelle stinn deemno stellvertriedend fir e puer honnert Verben (schaffen, probéieren), anerer just fir e Grappvoll (gruewen, ootmen) an nees anerer esouguer just fir een eenzegt (kaalwen, widmen). Ëm d’Tabellen an d’Lëschten hu sech absënns d’Isabel Andrade Bento an den Alexandre Ecker gekëmmert. Déi theoreetesch Grondlage goufe vun der Dr. Caroline Döhmer verfaasst. Begleet gouf de Projet vum Dr. Jérôme Lulling, vum Shari Schenten a vum Myriam Welschbillig. Den Alain Atten war allzäit bereet, eis bei Problemer weiderzehëllefen, a wäertvoll Hiweiser krut den Zenter och vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, geneesou wéi vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL). Hinnen all e grousse Merci!
Et géif d’Editeure vum Buch freeën, wa souwuel Mammesproochler wéi och Net-Mammesproochler vun de Verbtabelle kéinte profitéieren, och fir eng Impressioun dovun ze kréien, wéi vilfälteg d’Verbbildung am Lëtzebuergeschen ass a wéi d’Struktur vun där Sprooch ausgesäit, déi mer esou vill an esou gär benotzen, schreiwen, héieren a léieren. Well et sech bei dësem Buch ëm en Novum fir den ZLS handelt, si mir besonnesch dankbar fir all Zort vu Feedback. Mir hu versicht ze dokumentéieren, wat effektiv benotzt gëtt an net ze vill regional beschränkt ass, an dat ze systematiséieren an ze strukturéieren an der Hoffnung, datt d’Verbebuch jidderengem déi Äntwerte gëtt, déi en dra sicht – vun abalsaméieren bis zwiwwelen.
An den LOD ginn och an Zukunft weider Verbe mat hirer Konjugatioun opgeholl. Et fënnt ee se awer och schéin iwwersiichtlech um Internetsite verben.lu.
Lëtzebuerg, am November 2020
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
IMPRESSUM
D’Lëtzebuerger Verben
Redaktioun: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mam Isabel Andrade Bento, Armand Becker, Dr. Caroline Döhmer, Alexandre Ecker, Ralph Fichtner, Marthy Gloesener, Alex Haas, Sarah Hess, Luc Marteling, Dr. Sara Martin, Sam Mersch,
Helmuth Sperl; Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) mam Dr. Albert Ettinger, Dr. Pit Schlechter, Myriam Welschbillig, Marion Weydert.
Theoreetesch Grondlagen: Dr. Caroline Döhmer
Relecture: Dr. Jérôme Lulling, Myriam Welschbillig, Shari Schenten
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2020
Editeur: SCRIPT an ZLS
Layout: Bakform
Dréckerei: WEPRINT
ISBN 978-99959-1-205-5