X

ZLS NEWS

D'ZLS-Bicher an de Librairien, am Letzshop an op lord.lu

Eis Bicher kritt een (bal) iwwerall, just d'Orthografie gëtt et nëmmen am Zenter (gratis a per Post)

Den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet, zesumme mam SCRIPT, eng Rëtsch nei Bicher iwwer dʼLëtzebuerger Sprooch erausbruecht. Ze kréie si se an de Librairien, am Letzshop (op letzshop.lu via d'Librairien) an och op LORD.lu. Beim ZLS selwer gëtt et se net. Just d'Reegelwierk iwwer d'Schreifweis – D’Lëtzebuerger Orthografie – gëtt et op Ufro gratis beim Zenter. Et gouf an der Tëscht e puer Mol nogedréckt, Dir kënnt et also weider beim ZLS bestellen, einfach op lod@lod.lu mailen.

 

 

Hei den Iwwerbléck iwwer d'Publikatioune vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

 


1. E richtege Schatz: Den éischte Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“

„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht.
„Zesummen de Räichtum vun eiser Sprooch erhalen“, esou kann een d’Haaptzil vun der neier Serie resuméieren. Eng Partie sougenannt „al Wierder“ si vläicht ville Leit net méi sou geleefeg, ma si maachen de Räichtum vun eiser Sprooch aus a gehéieren zum Patrimoine vun eisem Land.
Dës Bicher gräifen op eng flott Aart a Weis al Wierder an typesch Ausdréck op an erklären se. Muencher eng kennt een, anerer begéint ee vläicht fir d’éischt. E sëllege Wierder goufen dem Zenter duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert. Dobäi waren d’Leit gefrot ginn, wéi eng Wierder hinne besonnesch gutt gefalen. E puer honnert Proposen hat den Zenter iwwer dee Wee gesammelt, e sëllegen dovu sinn am neie Buch ze fannen.
Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn am éischte Band nämlech 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz spilleresch an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz! (Weider Infoen och hei.)
12 Bicher sinn an dëser Serie geplangt an am zweete Band (2021) ginn eng 100 Spréchwierder an Ausdréck, Redewendungen a Riedensaarte gewisen an erkläert.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro


2. Mat flotte Riedensaarten: Den zweete Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“

Nodeems de Band 1 vun der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" 123 Pärelen – also Wierder –  aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, zerwéiert den zweete Band 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten. Zwou dovu fënnt een dann och direkt am Titel: D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss.

Bäino honnert huet d'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch der aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire gefëscht an an dësem Buch gesammelt. Natierlech mat der Erklärung vum Ausdrock – op Lëtzebuergesch, awer och an deenen anere véier Iwwersetzungssprooche vum LOD: op Däitsch an op Franséisch, op Englesch an op Portugisesch. An der Hoffnung, datt méiglechst vill Leit sech fir d'Ausdréck begeeschteren an hinnen neit Liewe schenken.

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 2
ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro

 

3. Vun abalsaméieren bis zwiwwelen: En aktualiséiert Verbebuch fir d’Lëtzebuerger Sprooch

D’Flexioun vun de Verben am Lëtzebuergeschen ass alles anescht ewéi einfach. Dofir huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en aktualiséiert Verbebuch erausbruecht – als Nofollger vum sougenannte grénge Verbebuch (Les verbes luxembourgeois vun 2005), dat jorelaang gutt Déngschter geleescht huet. Nom Reegelwierk D’Lëtzebuerger Orthografie wëllt dat neit Wierk mam Titel D’Lëtzebuerger Verben eng praktesch Hëllef beim Konjugéieren duerstellen.
Eppes iwwer 6.000 Verbe sinn aktuell am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) verzeechent, all mat enger Konjugatiounstabell. Si sinn dʼBasis fir dat neit Verbebuch, dat de Lieser vun der Lëscht mat de Stammzäiten allkéiers bei eng komplett Verbtabell féiert: Net manner ewéi 82 Mustertabellen (an der Reiefolleg Hëllefsverben, Modalverben, Vollverben) presentéieren déi ganz Panoplie vun der Flexioun. Fir d’Mustertabelle goufe virun allem Verben ausgewielt, déi besonnesch heefeg am LOD opgeruff ginn.

Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a Script
DʼLëtzebuerger Verben
ISBN 978-99959-1-205-5, 256 Säiten, 18 Euro

 

4. „Eis Sprooch richteg schreiwen“ vum Josy Braun op Lëtzebuergesch

Dir sicht e praktescht Léierwierk fir dat aktualiséiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie? Hei ass et! Den Auteur Josy Braun (1938-2012) war e bekannte Lëtzebuerger Journalist a Schrëftsteller. Aus senger Fieder staamt ënner anerem deen éischte Krimi op Lëtzebuergesch: Porto fir d’Affekoten. D’Lëtzebuerger Sprooch louch dem Josy Braun besonnesch um Häerz a mat dësem Bichelchen huet hien déi offiziell Schreifweis vermëttelt – op eng méiglechst einfach Aart a Weis a mat groussem Succès, well „Eis Sprooch richteg schreiwen“ kënnt antëscht op ronn 20 Oploen.

De Josy Braun huet och um Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) matgeschafft. Dee gëtt haut vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) betreit. Den Zenter huet dëst Léierbichelchen aktualiséiert an ergänzt, esou datt et der completéierter Orthografie vum November 2019 entsprécht. Dorëms huet sech den Helmuth Sperl, Mataarbechter vum ZLS a Member vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) a vum Institut Grand-Ducal, Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique, gekëmmert.

DʼBuch ass eng perfekt Aféierung an d‘Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch mat e sëllege flotten Annexen – vun Aluedunge bis Interjektiounen, vun Iessen a Gedrénks bis bei Insekten, vu laténgesche Riedensaarte bis bei koppeg Sätz fir ze diktéieren.

Josy Braun
Eis Sprooch richteg schreiwen
ISBN 978-99959-1-132-4, 104 Säiten 15 Euro

 

5. „Eis Sprooch richteg schreiwen“ vum Josy Braun op Franséisch
Am Kader vun der completéierter Orthografie vum November 2019 huet den Zenter dem Josy Braun säin Orthografie-Klassiker, „Eis Sprooch richteg schreiwen“, nei erausbruecht gehat – als Léierwierk zum Reegelwierk. Elo ass dëst Bichelchen och op Franséisch disponibel, fir de francophonnen Interesséierten en agreabelen Zougang zu der Lëtzebuerger Rechtschreiwung ze bidden. Ënnertitel: Une introduction à lʼorthographe luxembourgeoise. Ëm den Update huet sech den Helmuth Sperl gekëmmert, dʼIwwersetzung gouf vum Angela Tumiotto a vum Christine Schmit fir den ZLS realiséiert. Déi bekannten Deckelfoto ass vum Raymond Erbs.

Josy Braun
Eis Sprooch richteg schreiwen – version française
Une introduction à lʼorthographe luxembourgeoise
ISBN 978-99959-1-208-6, 136 Säiten, 15 Euro

 

6. „Eis Sprooch richteg schreiwen“ vum Josy Braun op Englesch
Fir deenen, déi eng Affinitéit zu der englescher Sprooch hunn, och e méiglechst liichten Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie ze ginn, gouf dem Josy Braun seng Orthografie-Didaktik och op Englesch iwwersat. Ëm dës „Introduction to Luxembourgish Spelling“ hu sech dʼSarah Hess vum ZLS an den John Phillips gekëmmert. De Klassiker vum Josy Braun ass also elo an dräi Sproochen disponibel: op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch.

Josy Braun
Eis Sprooch richteg schreiwen – English Version
An Introduction to Luxembourgish Spelling
ISBN 978-99959-1-207-9, 128 Säiten, 15 Euro

 

7. „Grammaire de la langue luxembourgeoise“: iwwerschafft an nach ëmmer ze kréien
Zanter 15 Joer gehéiert déi „blo“ Grammaire (op Franséisch) zu de Standardwierker, wann et ëm dʼLëtzebuerger Sprooch geet. DʼWierk vun den Auteure Josy Braun, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Henri Losch, Geneviève Magnette-Barthel zesumme mam Jackie Messerich vum Projet Moien war 2020 op eemol vergraff a gouf dofir vun der Dr. Caroline Döhmer an der Dr. Judith Manzoni-Luxenburger fir den ZLS un déi aktuell Orthografie ugepasst. D’Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch ass also weider ze kréien, parallel dozou huet den ZLS ugefaangen, un enger eegener, ganz neier Grammaire ze schaffen.
Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a Script
Grammaire de la langue Luxembourgeoise / Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-99959-1-206-2, 144 Säiten, 12 Euro

 

8. DʼLëtzebuerger Orthografie – e Bestseller an der 4. Oplo
Am November 2019 gouf déi aktualiséiert a completéiert Lëtzebuerger Orthografie virgestallt. Zanter der Rentrée 2020 ass si eleng a Kraaft. DʼNofro no den neie Reegele war an ass enorm: Wäit iwwer 16.000 Exemplairë vum offizielle Reegelwierk goufen an der Tëschenzäit verdeelt. Gratis! Et louch nämlech alle Bedeelegten um Häerz, datt dʼOrthografie op eng méiglechst breet Acceptanz géif stoussen – an dat war definitiv de Fall: DʼResonanz war immens grouss an och immens positiv. Merci! DʼLëtzebuerger Orthografie ass dann och nach ëmmer am ZLS ze kréien, einfach via lod@lod.lu bestellen (dʼAdress net vergiessen).
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a CPLL
D’Lëtzebuerger Orthografie
ISBN 978-99959-1-163-8, 112 Säiten, 0 Euro