X

ZLS NEWS

"Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"

Den éischte Band vun der neier Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass do

„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz ludique an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!

E sëllege Wierder goufen dem Zenter iwweregens duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert: Déi eng kennt een nach gutt, anerer huet ee vläicht nach ni héieren. D’Iddi vun der Serie ass et, d’Loscht un der Sprooch an un hirer Vilfalt waakreg ze halen. A wie weess, vläicht héiert een an Zukunft jo och dat eent oder anert Wuert nees méi dacks am deegleche Sproochgebrauch ...

Nach eng praktesch Info: D'Buch gëtt et net beim ZLS, mee an de Librairien! (A wann et nach net do wier, dann ass et et sécher ganz geschwënn ...)

Den zweete Band vun der Serie ass iwweregens schonn an der Maach. Déi Kéier ginn 100 flott Spréchwierder a Riedewendunge gewisen an erkläert.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch:
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro