X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Orthografie am ZLS an am Educatiounsministère

Op zwou Plazen ass d'Buch nach gratis ze kréien

Déi completéiert Orthografie gëtt et och nach weiderhin elektronesch an als Buch.

Weiderliesen
Lëtzebuergesch Landkaart immens beléift

Gratis Offer léist richtegen Hype aus

„WOW! 6000 Bestellungen a 24 Stonnen. Bestellt roueg weider. Mir drécke weider.“ Den Tweet vum Educatiounsminister Claude Meisch huet keng Froen opgelooss: Bannent engem Dag waren net manner ewéi 6.000 Landkaarte mat den Uertschaftsnimm op Franséisch an op Lëtzebuergesch bestallt ginn an esou séier wier dës gratis Offer och nach net eriwwer.

Weiderliesen
Nei Hëllefsdokumenter online

D'Ännerunge vun der completéierter Orthografie op ee Bléck

Nieft dem Haapttext vun der Orthografie huet den ZLS och nach zwee Hëllefsdokumenter fir Iech.

Weiderliesen
Déi meeschtgekuckte Wierder op lod.lu

Wat no der completéierter Orthografie besonnesch dacks gesicht gouf

Duerch déi completéiert Orthografie, déi Mëtt November 2019 a Kraaft getrueden ass, waren ongeféier 1 % vun de Wierder vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire betraff ... hei sinn déi, déi zanterhier am meeschte gekuckt goufen.

Weiderliesen
Den Ortho-Trainer vum ZLS ass nees online

D‘Reegele vun der ak­tu­el­ler Or­tho­gra­fie mat Exercicen

Den Ortho-Trainer soll dem Benotzer hëllefen, autonom en éisch­ten Abléck an d'Lëtzebuerger Recht­schreiwung ze kréien, orthografesch Kenntnesser op­ze­frëschen, den Iwwerbléck iwwer bestëmmt Reegelen an hir Ausnamen ze kréien an d'Orthografie unhand vun den Exercicë mat der integréierter Ver­bes­serungs­method ze üben. E kann awer och a klasseschen Orthografies­coursë respektiv am Kader vum Blended Learning agesat ginn.

Weiderliesen
D'Lëtzebuerger Orthografie ass nees disponibel

Déi 2. Oplo gouf geliwwert

Op de Walfer Bicherdeeg waren déi éischt 1.500 Exemplairë vun der Lëtzebuerger Orthografie ausgedeelt ginn. Déi 2. Oplo ass elo disponibel.

Weiderliesen
Lëtzebuergesch richteg schreiwen - liicht doséiert

9 Lektioune mat Videoen a Quizfroen um Site vum Luxemburger Wort

Flotten Dossier vum Luxemburger Wort an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch op wort.lu: Déi aktualiséiert Basisreegele vun der offizieller Orthografie fir jiddereen, dee Lëtzebuergesch wëllt schreiwe léieren - kuerz a knapp erkläert, iwwersiichtlech opgebaut, mat ville Beispiller a flotten Illustratiounen.

Weiderliesen
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Emissioun um Radio 100,7 mam ZLS

Firwat hu mer zwee Pronome fir Fraen ("si" an "hatt")? Vu wou kënnt eigentlech den "s" bei "wéi s de bass"? A firwat schreift een "Hierscht" mat "r", wann een den "r" net héiert? Eis Mataarbechterin Caroline Döhmer aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch geet dëse Froen op de Fong. D'Linguistin erkläert an hirer Emissioun um Radio 100,7 d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch. Dir kënnt se live lauschteren, ëmmer donneschdes um 8:50 an um 12:20, oder noliese respektiv nolauschteren an der Mediathéik vum 100,7.

Dir hutt eng Fro iwwer e Phenomeen aus der lëtzebuergescher Grammaire oder Orthografie, déi an der Emissioun soll beäntwert ginn? Da kontaktéiert den ZLS iwwer d'LOD-Hotline.

Weiderliesen
D'Lëtzebuerger Orthografie gëtt nogedréckt

Déi 1. Oplo ass scho vergraff

Op de Walfer Bicherdeeg sinn déi éischt 1.500 Exemplairë vun der Lëtzebuerger Orthografie ausgedeelt ginn. Enn nächster Woch misst déi 2. Oplo disponibel sinn. D'Buch kann nach ëmmer online virbestallt ginn.

Weiderliesen
Eis Sprooch richteg schreiwen

E praktescht Léierwierk fir dat aktualiséiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie

DʼLéierbuch Eis Sprooch richteg schreiwen ass eng perfekt Aféierung an d‘Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch mat e sëllege flotten Annexen – vun Aluedunge bis Interjektiounen, vun Iessen a Gedrénks bis bei Insekten, vu laténgesche Riedensaarte bis koppege Sätz fir ze diktéieren.

Weiderliesen
First56789101113