X

ZLS NEWS

Butsch, Huddel, Sieschter

Beléifte Wierder aus dem Luxemburger Wörterbuch och elo am Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Se sinn zum Deel vereelzt, dofir awer net manner beléift: Eng éischt Serie Wierder, no deenen dacks am Luxemburger Wörterbuch (LWB, 1950-1975) gesicht gëtt, steet och elo am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD).

Mat der Hëllef vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg ass eng Lëscht opgestallt gi vun de Wierder, déi bis elo nach net am LOD ze fanne waren, awer heefeg an der online Versioun vum LWB gesicht ginn. Dozou gehéieren ënner anerem Beiebitt, Boudoir, Knupperdulles, Petit-beurres-Kuch, Turlatäin oder och nach Vaterunserlächelchen.

Déi Wierder goufen de Richtlinne vum LOD no opgeschafft. Dobäi goufen nëmmen déi Sënner zeréckbehalen, déi verschidde Mammesproochler och haut nach kennen. Déi Sënner sinn natierlech all mat Beispiller illustréiert:

Mir hate schonn décken Huddel mat eise Locatairen.
Wéi ass d'Qualitéit vum Greechen dëst Joer?
De Pätter sëtzt am Summer dacks nomëttes op der Bänk virum Haus, säi Kluef ze fëmmen.

Déi „nei” Artikele sinn all mam LWB verlinkt. Esou kann den interesséierte User kamoud tëschent deenen zwee Dictionnairen hin- an hiersurfen.

Et ass virgesinn, fir nieft deem aktuelle Wuertschatz och nach weider al Wierder iwwer dee Wee an den LOD opzehuelen.

 

Hei nach e puer LWB-Wierder, déi elo am LOD sinn: