X

ZLS NEWS

„Et entdeet!“: E Comic fir de Klima

D’„Frozen Ground Cartoons“ och op Lëtzebuergesch

An de Lëtzebuerger Schoulen zirkuléiert den Ament d’Comic-Broschür „Et entdeet!“ Et sinn d’„Frozen-Ground Cartoons“ op Lëtzebuergesch. Et ass d’Resultat vun enger internationaler Kollaboratioun tëschent Fuerscher a Kënschtler, déi dofir sensibiliséiert, datt de Permafrascht op ëmmer méi Plazen ëmmer méi séier entdeet.

Déi ënnerhalsam an informativ Broschür gëtt et an e sëllege Sproochen, dorënner och Lëtzebuergesch. Op Initiativ vum SCRIPT hunn e puer Lycéesschüler de Comic iwwersat, am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch gouf en nogelies. Ënnerstëtzt gouf de Projet ë. a. och nach vum FNR, dem „natur musée“ a polar.lu.

 

Zu der Geschicht vum  „Et entdeet!“

Dëse Projet huet am Oktober 2015 mat enger total verréckter Iddi ugefaangen: Deemools wor et alt erëm grad un der Zäit, fir Fuerschungsgelder unzefroen, an do gouf et eng Méiglechkeet, fir en internationalen, multidisziplinären an net-traditionelle Projet zur Vulgarisatioun vun der Fuerschung eranzereechen ... et bloufe grad emol nach 48 Stonnen!

Eng verréckte Band vu jonke Permafrascht-Fuerscher aus Kanada an aus Europa huet sech spontan zesummegedoen a proposéiert, fir duerch Konscht de Leit Fuerschung a Form vun enger Bande dessinée méi no ze bréngen. Op dësem Wee sollten op eng witzeg a labber Aart a Weis d’Polarfuerschung a virun allem den Alldag vun de Fuerscher um Terrain geneesou wéi d’arktescht Ëmfeld, dat sech séier verännert, duergestallt ginn. D’Zilgrupp sinn esouwuel d’Kanner an déi Jugendlech ewéi och d’Elteren an d’Léierpersonal. Deen initiale Finanzement koum vun der International Permafrost Association (IPA), déi d’Wichtegkeet an d’Originalitéit vum Projet erkannt hat. Zënterhier hu vill weider wëssenschaftlech Partner de Projet ënnerstëtzt a gehollef ausbauen. An et geet nach ëmmer weider.

Knapps fënnef Joer nodeems déi Iddi gebuer gouf, haalt Dir déi éischt Lëtzebuerger Editioun an der Hand. Bis elo ass de Frozen Ground Cartoon aus dem Engleschen op Franséisch, op Däitsch an op Schweedesch iwwersat ginn, an eeben elo och an d’Weltsprooch Lëtzebuergesch. Aner Iwwersetzunge wéi op Inuktitut, Jakutesch, Chineesesch, Südkoreanesch an Arabesch sinn an der Maach, an et wäerten der wuel nach e puer derbäikommen.

Zu Lëtzebuerg gouf de Projet vu polar.lu initiéiert an a Kollaboratioun mam SCRIPT esou wéi mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Institut grand-ducal – Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique an dem „natur musée‟ ëmgesat. Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer, dem Sportlycée, der International School Michel Lucius an dem Escher Kolléisch hunn déi ganz Texter op Lëtzebuergesch iwwersat – hinnen an hiren Enseignantë gëllt e ganz spezielle Merci.

Parallel dozou huet de Fonds national de la Recherche och eng Rei wëssenschaftlech Workshoppen iwwert e PSP-Classic (Promoting Science to the Public) finanzéiert. Do hunn e puer vun de Fuerscher, déi sech hannert de Frozen Ground Cartoons verstoppen (och nach Permavengers genannt), e puer Lycéeën hei am Land onsécher gemaach. Ausserdeem haten d’Schüler d’Chance, Beta-Versioune vu weideren internationale Frozen Ground Cartoon-Initiativen ze testen, z. B. e Gesellschaftsspill zum Theema an d’Augmented Reality-App, déi och op der Lëtzebuerger Versioun vum Frozen Ground Cartoon wäert funktionéieren. Schoulmaterial dozou gouf zesumme mat de Partner, deene mer all nach eng Kéier häerzlech hei Merci soen, ausgeschafft.

Et ass op der Websäit www.frozengroundcartoon.com ze fannen. Zéckt net, fir reegelméisseg laanschtzeluussen an ze kucken, wat et Neits gëtt.

Mir wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vum Permafrascht!