X

ZLS NEWS

Um Briddel, am Gronn, an der Stad, zu Knapphouschent

Am LOD fënnt een elo och d'Prepositiounen, déi bei d'Uertsnimm passen

Wann een an der Walfer Gemeng zu Bäreldeng (jo, mat <ä> geschriwwen) virum Schëld "Luxembourg / Bridel" steet, da kann ee sech scho mol froen, wéi en Uertsnumm wéi eng Prepositioun huet: Ech wunnen net an der Stad, mee ech wunnen um Briddel. Oder: Ech fueren net op de Briddel, mee an d'Stad. Dat ass net ëmmer esou einfach a mécht beileiwen net just deene Kappzerbrieches, déi grad Lëtzebuergesch léieren ...

Stroosseschëld zu Bäreldeng

De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) hat d'Lëtzebuerger Uertsnimm zesumme mat de Gemengen opgeschafft an och publizéiert. En Excel-Fichier kann nach ëmmer um Site vum CPLL erofgeluede ginn. Iwwer dausend Nimm vun Uertschaften a Lieu-dite fënnt een doran. Mat de richtege Prepositiounen!

All dës Nimm hat d'Ekipp vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire scho virun enger Zäitchen opgeholl, elo goufen d'Beispillssätz ugepasst, fir datt se weisen, wéi eng Prepositiounen déi richteg sinn. E puer Beispiller:

  • ech wunnen op der Breinert
    fiert dëse Bus op d'Breinert?
  • ech wunnen am Fënsterdall
    fiert dëse Bus an de Fënsterdall?
  • ech wunnen um Kackerterhaff
    fiert dëse Bus op de Kackerterhaff?
  • ech wunnen zu Liljen, zu Nojem, zu Rouderssen ...
    fiert dëse Bus op Liljen, op Nojem, op Rouderssen?
  • ech wunnen op der Specksmillen, op der Tutschemillen
    fiert dëse Bus op d'Specksmillen, op d'Tutschemillen?
  • ech wunnen um Wuermer Bierg (an der Lokalvariant: Wormerberreg)
    fiert dëse Bus op de Wuermer Bierg (an der Lokalvariant: Wormerberreg)?
  • ech wunnen op der Zowaasch
    fiert dëse Bus op d'Zowaasch?

Natierlech gëtt et bei all Eegennumm-Artikel Iwwersetzungen an déi véier Sproochen Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch an et fënnt een och direkt eng Landkaart derbäi.