X

ZLS NEWS

Vun elo un nach just eng Ortho!

Mat der Rentrée 2020 ass déi completéiert an aktualiséiert Orthografie vum November 2019 eleng a Kraaft.

Ronn 1,5 Prozent vun de bal 30.000 Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ware vun där Orthografie, déi den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch de 15. November 2019 – zesumme mam Minister Claude Meisch, dem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy an der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig – virgestallt huet, betraff. Dat heescht, se kruten entweeder eng nei Schreifweis oder et koum eng alternativ Schreifweis derbäi respektiv et ass eng ewechgefall oder d'Hierarchie vun de Schreifweisen (Haaptvariant, Niewevariant) huet changéiert. Virun hirer Publikatioun waren d'Reegele vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch guttgeheescht a vun der Regierung ugeholl ginn.

Ënnert dem Stréch kann ee soen, datt sech den Impakt op d'Schreifweisen a Grenze gehalen huet, och wann zanterhier eenzel méi frequent Wierder anescht geschriwwe ginn. D'Zil vun der #ortho2019 war et, méi e komplett a méi e konsequent Reegelwierk duerzestellen a gläichzäiteg esou mann ewéi méiglech, awer esou vill ewéi néideg ze änneren. Dofir huet den Zenter dann och ganz bewosst net vun enger neier Orthografie geschwat, mee vun enger completéierter an aktualiséierter Orthografie, fir kengem onnéideg Angscht ze maachen, wat bei deem klenge Pourcentage vu betraffene Wierder och net gerechtfäerdegt gewiescht wier.

Grouss Nofro

Wéi vill Leit op eng nei offiziell Orthografie gewaart hunn, dat huet d'Nofro nom Reegelwierk gewisen - et gouf jo gratis verdeelt, wat sécher och zu sengem Succès bäigedroen huet. Eleng um Weekend vun de Walfer Bicherdeeg goufe bäino 1.500 Exemplairë verdeelt an der iwwer 4.000 virbestallt. Antëschent huet den Zenter an dräi Oploen iwwer 13.000 Bicher ënnert d'Leit bruecht.

Wéi bestellen?

D'Bichelcher mat de Schreifreegelen op eppes iwwer honnert Säiten ass nach ëmmer gratis beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze kréien, einfach per E-Mail op lod@lod.lu bestellen (Adress net vergiessen). Vun der Rentrée 2020 u sinn d'Reegelen am Buch "D'Lëtzebuerger Orthografie", wéi gesot, elo eleng a Kraaft, also déi eenzeg offiziell Referenz, wat dann och derzou gefouert huet, datt d'Nofro nach eemol zerguttstert ugezunn huet: Bannent manner ewéi engem Dag goufe wäit iwwer honnert Bicher bestallt - mir schaffen d'Commanden esou séier ewéi méiglech of, versprach!

Natierlech fënnt een d'Orthografie och ganz bequeem online op ZLS.lu - iwwersiichtlech mat Dropdown-Boxen an als PDF, wouran een dann och siche kann.

Wat huet geännert?

Mir hunn Iech hei drënner e puer orthografesch Ännerungen erausgegraff. Se kënnen natierlech just e klengen Iwwerbléck ginn. Zu den Zeechen: >> heescht, datt eng Schreifweis geännert huet, => datt eng Variant derbäikoum an = datt alles beim Ale bliwwen ass.

Zwou markant Ännerungen hunn déi méi konsequent Verduebelung vum e an enger laanger, betounter Silb an dat méi konsequent Ewechloosse vum sougenannten däitschen Deenungs-h betraff. Déi Ännerunge falen natierlech op, ma sinn am Fong net nei, well se stinn och schonn am 1999er-Text, just datt se elo vill méi kloer gereegelt sinn.

 

Och eng zweet Rëtsch vun Ännerunge sollen engem d'Liewe méi einfach maachen: Suffixe ginn elo als eegestännege Wuertdeel ugesinn, se hunn also keen Afloss méi op d'Schreifweis vum viischten Deel vum Wuert, wat virdrun net eendeiteg war (et war Tiitchen, awer net Groofschaft; elo ass et Titchen a Grofschaft, -chen a -schaft ginn d'selwecht traitéiert). Méi Kloerheet och bei den Endunge vun den Adjektiven, do ginn d'Vokaler elo ëmmer verduebelt, wa se laang sinn, onofhängeg vun der Betounung, déi bis elo e wichtege Krittär war a gläichzäiteg e problemateschen, well een et dacks mat enger zweeter Betounung ze dinn hat an och net ëmmer jiddereen d'selwecht betount huet. Kloerheet dann och bei der Fro, ob d'Verben op "-néieren" een n oder zwee n kréien. Et ass elo ëmmer just n. A bei Wierder wéi Bier a Spuer, also virun dem -ir an dem -ur kënnt elo gemenkerhand en e derbäi, onofhängeg vum däitsche Wuert, wat virdrun ausschlaggeebend war, ob et -ir oder -ier respektiv -ur oder -uer war (Bir fir Birne, Bier fir Bär, Beere; spueren vu sparen, Spur vu Spur). Elo ass et quasi ëmmer -ier respektiv -uer: Bier, Spuer asw.

 

A wien net wousst, ob en eppes mat e oder ä sollt schreiwen, deen huet elo dacks de Choix (bei bestëmmte Wuertdeeler). De Choix huet een och beim Pluriel vu verschiddenen englesche Wierder an och bei Wierder ewéi Äddi/äddi a Merci/merci, wou et schwiereg ass, eng Wuertaart, déi dann eng Grouss- oder eng Klengschreiwung géing virschreiwen, genee ze definéieren. An da goufen och nach d'Schreifweis an d'Ofkierzung vu wannechgelilift vereinfacht.

 

Nach en Novum vun der 2019er-Orthografie: Eng éischte Kéier offiziell gereegelt ginn d'Grouss- a Klengschreiwung, d'Getrennt- an Zesummeschreiwung an d'Interpunktioun.

Wien eng Fro zu der Orthografie oder zu enger bestëmmter Schreifweis huet, ka sech ëmmer un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch adresséieren, am einfachste per E-Mail op lod@lod.lu.

Merci fir den Interessi!