X

ZLS NEWS

Elo umellen!

Zanter Hierscht 2020 verschéckt den ZLS eng Newsletter

- Wéi eng nei Wierder goufen an den LOD opgeholl?
- Krut de Lëtzebuerger Online Dictionnaire nei Funktionalitéite bäi?
- Gouf eng Schreifweis adaptéiert oder eng Reegel preziséiert?
- Oder gëtt et soss eppes Neies, eppes Kuriéises, eppes Interessantes aus der Sprooch oder vum ZLS ze wëssen?

Wann Iech d'Äntwerten op dës Froen interesséieren, dann abonéiert Iech op d'Newsletter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Am November 2020 huet den ZLS seng éischt verschéckt.

Op der Kontaktsäit vum LOD geet d'Aschreiwe ganz kamoud.

Op LOD.lu kënnt Dir Iech ganz bequeem aschreiwen.

An Däitschland suegt deen neien Duden op Pabeier grad fir groussen Interessi an och e bësse fir Opreegung: nei Wierder dran, eeler Wierder eraus, Covid-19-Wierder opgeholl an och den Gender-Stär integréiert.

Fir d'Lëtzebuerger Sprooch stelle sech änlech Froen an zu de Missioune vum Zenter gehéiert et, ënnert anerem Reegelen ze publizéieren iwwer d’Schreifweis an d’Grammatik vun der Lëtzebuerger Sprooch an Äntwert ze ginn op Froen iwwer d’Schreifweis, d’Grammatik, d’Phoneetik an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Och wat den LOD ugeet, wëll den ZLS esou transparent ewéi méiglech sinn. Am Kader vun der aktualiséierter a completéierter Schreifweis vum November 2019 krut den Zenter den Optrag, reegelméisseg iwwer Ännerungen am LOD ze kommunikéieren.

Eng Newsletter ass fir den ZLS ee Wee, där (Selbst-)Verflichtung nozekommen!

Dofir abonéiert Iech. D'Umellen ass natierlech gratis an et kann ee sech zu all Ament nees ausschreiwen. A mir verspriechen och héich an helleg, Iech net zouzespammen ...