X

ZLS NEWS

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire bis an de leschten Detail

Iwwer e komplette Beschreiwungstext kann een elo (bal) alles iwwer den LOD gewuer ginn

Fir wien ass den LOD geduecht? Wat kann ee genee dermat maachen? Wouhier kommen d’Wierder, déi dra beschriwwe sinn? Wie këmmert sech ëm d’Maintenance? Firwat sti keng Definitioune bei de Wierder? Wat ass nach alles an Zukunft virgesinn?

Wann Dir Iech dës Froe stellt an/oder och nach vill anerer, da fannt Dir mat grousser Warscheinlechkeet am Beschreiwungstext, deen Der ënner https://lod.lu/?info kënnt opruffen, eng ganz Rei Äntwerten. Deen Text gëtt et den Ament op Lëtzebuergesch an op Franséisch. Aner Sproocheversioune sinn an der Maach.

De Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, deen 2007 ganz kleng ugefaangen huet (deemools ware just Wierder drop ze fannen, déi mam Buschtaf A ugefaangen hunn!), ass haut fir vill Leit eng Referenz a Saachen Orthografie a Beschreiwung vun der Lëtzebuerger Sprooch: Op engem normale Schaffdag gi mëttlerweil iwwer 30.000 Dictionnaires-Artikelen drop gekuckt.

An engem detailléierten Dokument ginn elo allméiglech verschidden Aspekter vun deem lexikografesche Referenzwierk beschriwwen. Iwwer dee Wee kann den interesséierte User sech also informéieren, den LOD besser verstoen an hoffentlech nach méi effikass dermat schaffen.

Wéi ëmmer freet d’Ekipp vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch sech op Är Froen an op Äre Feedback. Zéckt deemno net, fir eis ze schreiwen!