X

ZLS NEWS

Eis LOQen als PDF

Hei kënnt Dir déi aacht Live-Ortho-Quizzen eroflueden

Wéi schreift ee Kinnek? Wou komme bei erëm dʼTëppelcher hin? Firwat ass et Sprangpressessioun an net Sprangprëssessioun? Kritt dir sidd hanne wierklech <dd> a gëtt ondugen effektiv mat <g> geschriwwen? A wann ech zwou léif Cousineën hunn, kann ech dann och Kusinnen hunn?

Et waren allkéiers eng Hellewull däreg Orthografiesfroen, déi mir Iech an de leschte Wochen zerwéiert hunn. Ganzer aacht Mol housch et am Confinement „Den LOQ vum LOD“ an do goufe koppeg a bosseg, gelungen an droleg Schreifweise vun eenzele Wierder proposéiert, aus deenen déi richteg erauszesiche waren. Gespillt gouf nom Multiple-Choice-System. War dʼZäit ofgelaf, krut een direkt gesot, ob een dat Richtegt ugekräizt hat a krut dann och eng kuerz Erklärung, wéi eng Reegelen ze applizéiere waren.

Bei deenen allermeeschte Froen hat eng mol méi, mol manner large Majoritéit déi richteg Äntwert ausgewielt an ugeklickt, et waren awer och eenzel super kniwweleg Fäll dran, bei deenen et méi falsch Äntwerten ewéi där richteger gouf. Mustiken a Fränjelen hunn zu de besonnesch schwéiere Kandidate gehéiert, ma och iwwer Kanéngchen, Kosettchen/Causettchen an iwwer daagsiwwer konnt een trëllen. Mee wéi heescht et esou schéin: Mat Fale léieren dʼKanner goen.

All Editioun gouf zweemol um Site vu Mentimeter (www.mentimeter.com) gespillt, eemol moies, eemol mëttes. Heiansdo ware fofzeg Leit derbäi, heiansdo honnert an eng Kéier hunn esouguer honnertfofzeg Ortho-Freake matgespillt! Hei nach eemol e grousse Merci fir dʼMatmaachen a virun allem fir déi vill flott Feedbacken um Enn vun all LOQ-Ronn.

Wien dʼFroen a virun allem dʼÄntwerten nach eng Kéier wëllt nokucken, deen huet elo dʼMéiglechkeet dozou. Vun allen LOQe gëtt et hei e PDF fir erofzelueden – mat de Froen, den Äntwerten an den Erklärungen:

Dënschdeg, 31. Mäerz: 10 Froen – Motto: Orthografiefalen
Mëttwoch, 8. Abrëll: Turbo-Editioun mat 25 Froen iwwer Ouschteren a Corona
Donneschdeg, 16. Abrëll: 12 Froen – Motto: Corona
Mëttwoch, 22. Abrëll: 12 Froen – Motto: Riedensaarten
Mëttwoch, 29. Abrëll: 12 Froen – Motto: Riedensaarten
Mëttwoch, 6. Mee: 12 Froen – Motto: Dat Schéint an dat Schlecht
Mëttwoch, 13. Mee: 12 Froen – Motto: Faarwen
Mëttwoch, 27. Mee: 12 Froen – Motto: Riedensaarten

Vill Spaass beim Noliesen! Sollte Froen onbeäntwert bleiwen oder neier derbäikommen, dann zéckt net: lod@lod.lu.

Mir freeën eis ewell op weider Aktiounen an hoffen, datt Dir dann och nees derbäi sidd!