X

ZLS NEWS

De ganzen August iwwer all Dag e #schreiftipp op Twitter

Vu Knujel bis Kusin - e Mount am Zeeche vun der Lëtzebuerger Orthografie

Egal ob een de Summer am Land oder am Ausland verbréngt, iwwerall kann een an der Lëtzebuerger Orthografie fit bleiwen. Vum 1. bis den 31. August presentéiert den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) all Dag e Schreiftipp:

- Seet ee Merci oder merci?
- Firwat kritt Giischtjen e j a keen ch?
- Wéi schreiwen ech kache Waasser?
- Kënnt bei eng 100tel Sekonn kee Bindestréch?
- A firwat muss e beigë Pullover zwee Tëppelcher kréien?

31 kleng Schreiftippen zerwéiert oder zwitschert den ZLS am Karschnatz-Mount.

Ze fannen, ze liesen an ze kommentéieren, ze liken (faven), ze schécken an ze retweeten op https://twitter.com/den_ZLS.

Einfach followen a follegen :-)