X

ZLS NEWS

"Luci" mécht Loscht op Lëtzebuerg

De Magazin vu Luxembourg for Tourism gëtt et och op Lëtzebuergesch!

Seele war Vakanz doheem esou in ewéi elo an der Corona-Zäit. Wien nach op der Sich no Motivatioun ass oder wiem et nach un Inspiratioun feelt, deen ass mam "Luci" vu Luxembourg for Tourism gutt beroden: Op 116 Säite ginn déi ënnerschiddlechst Facetten an déi verschiddenst Regioune vum Land gewisen. Natierlech kritt een dobäi net nëmmen Iddien zerwéiert, wat een alles am Grand-Duché kann ënnerhuelen a bei wéi engen Ecken et sech nach kéint lounen, se ze entdecken, et kritt een och schonn déi eng oder aner originell Plaz fir ze iwwernuechte proposéiert ...

Vill Ureegunge fënnt een natierlech och um Internetsite vu Luxembourg for Tourism.

Do gëtt et dann och Detailer iwwer de Magazin "Luci", et kann een duerch d'Printversioun bliederen oder sech direkt eng Versioun bestellen. Bei der lëtzebuergescher huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwweregens gehollef korrekturliesen.