X

ZLS NEWS

Lëtzebuergesch léieren

Groussen Dossier am EDI, dem Infomagazin fir Elteren

Mat modernen Outilen an innovative Methoden – esou kann ee Lëtzebuergesch léieren! Noliese kann een dat an der neister Editioun vum EDI, dem Infomagazin fir Eltere vum Educatiounsministère.

An engem Dossier iwwer siwe Säite kritt de Lieser de Lëtzebuerger Online Dictionnaire („Eng Schatzkëscht fir eis Sprooch“) virgestallt a gëtt gewuer, wéi e Wuert an den LOD kënnt. Presentéiert ginn och e sëllegen Hëllefsmëttel, fir Lëtzebuergesch ze léieren oder Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze léieren – vum Ortho-Trainer iwwer de Spellchecker bis zum Site schreiwen.lu. Et gëtt een och gewuer, wat den ZLSK (Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) ass, wou een d‘Offer vum „Service de la formation des adultes“ (Erwuessenebildung) fënnt a wéi eng Lëtzbuergesch-Coursë den INL (Institut national des langues) ubitt.

Natierlech kommen och e puer Basisreegele vun der Orthografie zu Éieren an eng Rëtsch flott Bezeechnunge fir „Ameis“ an „iessen“, nom Motto: eng Bedeitung, méi Wierder ...

Weider Sujeten am EDI 1/2020 erausgepickt: Desinformatioun, d‘Crèchen, d‘Betreiung vun Élèves à besoins spécifiques, Koding als Kärkompetenz vum 21. Joerhonnert an „wat maachen nom Secondaire“?

Mir wënschen eng gutt Lektür!

Den EDI kann ee sech iwweregens gratis eroflueden um Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.