X

ZLS NEWS

Mat Mindmaps duerch d'Lëtzebuerger Orthografie

Loosst Iech guidéieren!

De laangen e, wéini gëtt deen ee geschriwwen? Wéi maachen ech de Pluriel vu franséische Wierder am Lëtzebuergeschen? A wéini fält um Wupp vun engem Wuert den n ewech wéinst der ominéiser n-Reegel?

Äntwerten op dës an op vill aner Froe ginn Iech eis Mindmaps, déi d'Sarah Hess an den Helmuth Sperl vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch mam Programm GoConqr ausgeschafft hunn an déi och an der Revue (Nummer 8, 9 an 10/2021) zu Éiere komm sinn (kuckt d'Galerie ënnen am Artikel).

D'Mindmaps sinn dynamesch a bidden e ganz visuellen Zougang zu der Rechtschreiwung. Bis elo gëtt et der fir d'Vokalen, fir d'Vokalkoppelen, fir d'n- a fir d'r-Reegel, fir d'Ennverhäerdung a fir déi franséisch Pluriellen.

Hei geet et bei d'Iwwersiicht am GoConqr-Programm.

 

 

Iwwersiicht Mindmaps mat Link

 

1a. Déi kuerz geschwate Vokaler a, i, o, u
1b. Déi kuerz geschwate Vokaler a, i, o, u    
1c. Déi laang geschwate Vokaler a, i, o, u
1d. Déi laang geschwate Vokaler a, i, o, u

2a. Vokalkoppelen

3a. De kuerzen, oppene Vokal e
3b. De kuerzen, zouene Vokal e
3c. Den neutralen, kuerze Vokal e
3d. De laange Vokal e

4a. D'r-Reegel: ä, o virum r
4b. D'r-Reegel: i, u virum r

5a. D'Konsonanten: D'Ennverhäerdung

7a. D´n-Reegel: Aféierung
7b. D´n-Reegel: Substantiven an Adjektiven
7c. D'n-Reegel: Extrafäll

8e. De Pluriel vu franséische Wierder