X

ZLS NEWS

"Ech si ganz gespaant op déi Virwëlztut"

Merci fir dee flotte Feedback op eise "Februar-Quiz"

Eng gutt Woch laang ass eise Quiz gelaf. 17 Froe goufe gestallt, am Ganze konnt een dobäi 31 Punkte sammelen.

De Maximum hu sech 6 Leit geséchert (31/31 Punkten), 9 haten een eenzege Feeler (30/31) a 4 haten der zwee (29/31). Och wa mer just 10 Präisser haten, esou hu mir dat elo e bëssen erweidert, fir déi vill gutt Performancen ze wierdegen: 19 Leit dierfe sech iwwer eng "Virwëlztut" freeën. Wat ass an der Tut vum ZLS mat engem flotte Wuert an e puer Logoen drop? Eise Bestseller "Aläert, jauwen, Zockerboun" an eist neit Verbebuch "D'Lëtzebuerger Verben". Freet Iech drop!

Mir hunn eis op alle Fall iwwer Äre flotte Feedback gefreet:

- Keep up the good work an nach e schéine Rescht vun der Woch.

- Ech freeë mech iwwert de Gewënn.

- Dat freet mech ganz vill.

- Dat freet mech elo awer. Domat hat ech net gerechent. De Quiz huet richteg Spaass gemaach!

- Da freeën ech mech awer. Hunn nach ni iergendeppes gewonnen!

- Dat ass eng flott Iwwerraschung ☺️

- Bonjour, dat freet mech wierklech, villmools Merci! Ech si ganz gespaant op déi Virwëlztut.

Bis den 22. Februar ass eise Quiz gelaf, op bookwidgets.com. Motto: Test Äert Wësse ronderëm de Mount Februar an an engems Är orthografesch Kenntnesser an der Lëtzebuerger Sprooch! 20 Minutten hat een Zäit, fir e sëllege Froen ze beäntweren. 151 Leit hu matgemaach. En topp Score. Merci!

 

PS:

- An de soziale Medie koum d'Fro op, ob et Virwëlztut wier oder Virwëtztut. Béides geet natierlech ;-)

- Weider Infoen iwwer d'ZLS-Publikatioune gëtt et hei.