X

ZLS NEWS

Webinaire "Lëtzebuergesch an der Schoul" am Replay

D'Emissioun um 100,7 gouf vum Ifen als Formation continue unerkannt

Et goung drëm, de kohärente roude Fuedem opzezeechnen, ënnert wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a wéi et sech gemeinsam mat de Friemsproochen, déi am Lëtzebuerger Curriculum integréiert sinn, zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt; dëst vun der Fréikanderzéiung iwwert d’Grondschoul eran an de Lycée bis hin an d‘Erwuessebildung.

De Webinaire war en Dënschdeg, 16. Mäerz vu 14.30 bis 16 Auer um Radio 100,7.

Hei geet et bei de REPLAY um Site vum 100,7.

D'Emissioun ass och op Youtube ze fannen (Start no ca. 12 Minutten a 50 Sekonnen).

D’Invitéeë vun der Diskussiounsronn waren:

  • Flore Schank, Institutrice-attachée, Education plurilingue et interculturelle; Pédagogie et didactique des apprentissage, Service de l’Enseignement Fondamental, MENJE;
  • Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, Ecole Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette;
  • Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut National des Langues;
  • Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire.

Moderatioun: Radio 100,7.

Fir d’Enseignanten an d'Enseignanteë gouf dëse Webinaire als Formation continue vum Ifen unerkannt. Weider Informatiounen hei. (Bal 900 Leite hate sech ageschriwwen.)