An der Signalfaarf Orange ass eis Aktioun Verbemäerz dohierkomm, dëst well Orange och déi dominant Faarf vun eisem Verbebuch ass. Vum 1. bis den 31. Mäerz gouf all Dag ee Phenomeen vun de lëtzebuergesche Verbe beliicht. Hei drënner kënnt Dir d'Aktioun op Facebook an Instagram nach emol genéissen – mat den Original-Biller, d'Texter goufen awer liicht adaptéiert. (D'Illustratioune vun Twitter mat den Hashtaggen #lëtzebuergesch, #Verben a #Verbemäerz gëtt et hei.)
All d’Verbe fannt Dir och am #LOD an op eisem Site ➡ https://verben.lu. Eist Buch „D’Lëtzebuerger Verben” 📙 kritt Dir an de Librairien, op letzshop.lu (bei de Librairien) an op lord.lu fir 18 € ze kafen! 🛒😊
Sidd Dir prett fir eis Verbenaktioun am Mäerz? A lass! 😎🙌✨
🧡 Verbemäerz N° 1 🧡: „dir moolt“ – Verb „molen“
Wann de Vokal am Stamm vum Verb laang ausgeschwat gëtt a viru méi ewéi engem Konsonant steet, gëtt e verduebelt (Quantitéitsreegel): „mir molen“ – „dir moolt“. 🎨
🧡 Verbemäerz N° 2 🧡: „du schreifs“ – Verb „schreiwen“
Wa kee Vokal hannerem Stamm kënnt, gëtt – bei Verben ewéi schreiwen – „w“ zu „f“ (Ennverhäerdung): „ech schreiwen“ – „du schreifs“. ✍️
🧡 Verbemäerz N° 3 🧡: hie mécht – Verb „maachen“
D’Form „hie mécht“ (Verb „maachen“) ass net ze verwiessele mat „hie mëscht“ (Verbe „mëschen“ a „mëschten“). ☝️
🧡 Verbemäerz N° 4 🧡: „et reent“ – Verb „reenen“
„Reenen“ gehéiert zu de Verbe mat engem sougenannten defektive Paradigma. Bei dëse Verben existéieren net all d’Konjugatiounsformen. Et kann een z. B. net soen „ech reenen“ oder „si reenen“. 🌧☔
🧡 Verbemäerz N° 5 🧡: „mir houlen“ – Verb „halen“
„Halen“ gehéiert zu deene wéinege Verben, déi am Lëtzebuergeschen nach en Imparfait hunn. 🤓 Wéi eng aner Imparfaitsforme benotzt Dir nach? 🧐
🧡 Verbemäerz N° 6 🧡: du erkläers – Verb „erklären“
Bei engem vokaliséierten „r“ gëtt de Vokal „ä“ zu „äe“, wann hannerem „r“ nach e weidere Konsonant kënnt: ech erklären – du erkläers. 🧑🏫
🧡 Verbemäerz N° 7 🧡: hie luet – Verb „lueden“
Bei Verbe mat engem Stamm op „d“ ewéi lueden gëtt den „d“ duerch d’Ennverhäerdung heiansdo zu engem „t“: ech lueden – hie luet. Dobäi kënnt, datt d’Flexiounsendung „t“ net zousätzlech drugehaange gëtt. 🤓
🧡 Verbemäerz N° 8 🧡: si huet geupdate / si huet upgedate – Verb „updaten“
Verschidden englesch Verben hunn zwou verschidde Participe-passés-Formen. Am LOD behandele mer updaten am Paradigma wéi en normaalt Verb (ech updaten) an net wéi e Partikelverb (ech daten up). Just am Participe passé verhält d'Verb sech eemol wéi e Partikelverb (upgedate) an eemol wéi en normaalt Verb oder e Prefixverb, wann ee wëllt (geupdate). Wéi sot Dir – „geupdate“ oder „upgedate“? 🧐
🧡 Verbemäerz N° 9 🧡: „du frups“ – Verb „frupsen“
Bei Verben ewéi „frupsen“, déi e Stamm op „s“ oder „ss“ hunn, gëtt d’Flexiounsendung „s“ (bei der 2. Persoun Singulier Present) net zousätzlech drugehaangen: „du frups“. 🍽😋
🧡 Verbemäerz N° 10 🧡: „hie fiert“ – Verb „fueren“
„Fueren“ ass e Verb mat sougenannter Wiesselflexioun: An der 2. an 3. Persoun Singulier Present wiesselt den „ue“ zu „ie“: „ech fueren“ – „hie fiert“. 🚗💨
🧡 Verbemäerz N° 11 🧡: „dir sidd“ – Verb „sinn“
Opgepasst bei der Form „dir sidd“: Hei gëtt <-dd> (an net <-tt>) geschriwwe wéinst der Parallelform am Däitschen <ihr seid>. ⚠
🧡 Verbemäerz N° 12 🧡: „si rappen“ – Verb „rappen“
Hanner dem Schrëftbild „rappen“ verstoppe sech e puer Verben: Wann een d’Verb mat [æ] liest, geet et ëm de Musekstil Rap 🎶. Wann een et mat engem einfachen [ɑ] liest, bedeit et, datt ee fest un eppes zitt oder datt ee Geméis 🥕 mathëllef vun enger Rapp preparéiert. U wat hutt Dir fir d’éischt geduecht? 😁
🧡 Verbemäerz N° 13 🧡: „hatt föönt“ – Verb „fönen“
De stommen „h“ gëtt am Lëtzebuergeschen (anescht wéi am Däitschen) net benotzt, fir d’Längt vun engem Vokal ze markéieren. De Vokal muss deemno bei Forme wéi „hatt föönt“ verduebelt ginn. ☝️
🧡 Verbemäerz N° 14 🧡: „du paaks“ / „du pécks“ / „du peeks“ – Verb „paken“
D’Verb „paken“ huet eng optional Wiesselflexioun an der 2. an 3. Persoun Singulier Present. D’Schreifweis hänkt dobäi vun der Variant of, déi ee benotzt. Wéi eng Form benotzt Dir? 😊
🧡 Verbemäerz N° 15 🧡: „mir freeën eis“ – Verb „(sech) freeën“
Wann den onbetounten „e“ op en (laangen) „ee“ stéisst, da gëtt en <ë> geschriwwen: „mir freeën eis“ 😊. Dat gëllt och, wann e virum (laangen) „ee“ steet: „ech hu mech gëeekelt“ 😣.
🧡 Verbemäerz N° 16 🧡: „bann an!“ – Verb „abannen“
„Abannen“ gehéiert zu de Verbe mat enger trennbarer Partikel. Am Present an am Imperativ, also an der Befeelsform, spléckt d’Verb sech op an d’Partikel steet hannerem Verbstamm. Fannt Dir och, datt „bann an“ no „Banann“ kléngt? 🍌😁
🧡 Verbemäerz N° 17 🧡: „ech probéieren“ – Verb „probéieren“
„Probéieren“ gehéiert zu deene Verben, déi ganz reegelméisseg konjugéiert ginn. Aus eiser Verbelëscht gi ronn 1.300 aner Verben op -éieren no dësem Muster konjugéiert. 😮
🧡 Verbemäerz N° 18 🧡: „dir hutt geliket“ / „dir hutt geliked“ – Verb „liken“
Bei Verbe mat stommem „e“ an der englescher Grondform (z. B. „liken“; engl. „to like“ 👍) gëtt de Participe passé mat „-et“ oder mat „-ed“ geschriwwen. Dësen „e“ gëtt net geschwat. 🤓
🧡 Verbemäerz N° 19 🧡: „beim Liesen“ – Verb „liesen“
Wann e Verb substantivéiert – d. h. als Substantiv gebraucht – gëtt, da schreift een et grouss. 🔡✅
🧡 Verbemäerz N°20 🧡: „hie kritt virgelies“ – Verb „kréien“
Mam Hëllefsverb „kréien“ gëtt am Lëtzebuergeschen de sougenannte Rezipientepassiv gebilt. Aus „mir liesen him vir“ gëtt op dës Manéier „hie kritt virgelies“. ☝️💡
🧡 Verbemäerz N° 21 🧡: „dat gëllt net!“ – Verb „gëllen“
Wann e Konsonant duerch eng Flexiounsendung bäikënnt, ewéi et bei „gëll-t“ de Fall ass, fält kee Konsonant aus dem Stamm ewech (Stammprinzip). 🤓
🧡 Verbemäerz N° 22 🧡: „si stéingen“ – Verb „stoen“
Am Lëtzebuergeschen existéiert den einfache Conditionnel just nach fir eng Rei Verben. E gëtt an deenen allermeeschte Fäll mam Diphthong „éi“ gebilt: „mir stéingen“. Bei wéi enge Verbe benotzt Dir den einfache Conditionnel soss nach? 🧐
🧡 Verbemäerz N° 23 🧡: „si kaleft“ – Verb „kaalwen“ 🐄
Beim Verb „kaalwen” verännert sech de Stamm vu „kaalw“ zu „kalef“. Duerch d’Quantitéitsreegel gëtt dann „aa“ zu „a“: „si kaleft“. Keen anert Verb aus eiser Lëscht mat iwwer 6.000 Verbe gëtt no dësem Muster konjugéiert. 🐮😮
🧡 Verbemäerz N° 24 🧡: „hutt dir dat?“ – Verb „hunn“
Och wann een den <t> oder <tt> um Enn vun enger Verbform virum Pronomen „dir/Dir“ net onbedéngt héiert, muss en ëmmer geschriwwe ginn: „Hutt dir dat?“; „Kennt dir dat?“; „Wësst Dir dat?“
🧡 Verbemäerz N° 25 🧡: „ech hu gebutt“ / „ech hu gebitzt“ – Verb „bitzen“
D’Verb „bitzen“ huet zwou verschidde Participe-passés-Formen. Dobäi steet eng Variant mat sougenanntem Réckëmlaut („gebutt“) enger weiderer Variant ouni Réckëmlaut („gebitzt“) géintiwwer. Wéi eng Form benotzt Dir? 😊
Hei fannt Dir eng passend Auswäertung aus der @Schnëssen-App - gitt emol luussen 🔎👉 https://infolux.uni.lu/bitzen-e-verb-mat-ville-regionale-varianten/
🧡 Verbemäerz N° 26 🧡: „du bass“ / „du waars“ – Verb „sinn“
Beim Hëllefsverb „sinn“ fënnt ee verschidde Stämm am Paradigma, d. h. Formen, déi komplett anescht ausgesinn. An deem Fall schwätzt ee vu suppletive Formen: „du bass“, „du waars“. 💡🤓
🧡 Verbemäerz N° 27 🧡: „se gi gepléckt“ – Verb „ginn“
D’Hëllefsverb „ginn“ gëtt ë. a. benotzt, fir de sougenannte Virgangspassiv ze bilden. Aus „mir plécken d’Äppel“ gëtt op dës Manéier „d’Äppel gi gepléckt“. 🍎🍏
🧡 Verbemäerz N° 28 🧡: „ech kucken dat duerch“ – Verb „ˈduerchkucken“ / „ech duerchkucken dat“ – Verb „duerchˈkucken“
Bei „duerchkucken“ handelt et sech ëm zwee ënnerschiddlech Verben. Jee no Betounung ass entweeder „ˈduerchkucken“ („ech kucken dat Dokument duerch“ 📄✅) oder „duerchˈkucken“ („ech duerchkucke säi Spill“ 🧐🤨) gemengt.
🧡 Verbemäerz N° 29 🧡: „si géif fuddelen“ – Verb „ginn“ / „si géing fuddelen“ – Verb „goen“ / „si déit fuddelen“ – Verb „doen“
Den zesummegesate Conditionnel gëtt mat engem Hëllefsverb gebilt. Nieft „ginn“ („géif“) kann een och d’Verb „goen“ („géing“) benotzen. Méi seelen ass de Gebrauch vun „doen“ („déit“). Tëscht de Forme gëtt et kee Bedeitungsënnerscheed, se sinn deemno funktional identesch. 💡🤓
🧡 Verbemäerz N° 30 🧡: „hatt wäert muer kommen“ – Verb „wäert(en)“
D’Konstruktioun mat „wäert(en)“ dréckt ee sougenannte modale Futur aus. D’Ausso „hatt wäert muer kommen“ ass manner faktesch wéi beim Present („hatt kënnt muer“). De Gebrauch vu „wäert(en)“ ass meeschtens mat enger bestëmmter Warscheinlechkeet verbonnen, mee et besteet keng Garantie. ☝️🙃
🧡 Verbemäerz N° 31 🧡: „mir hu mussen danzen“ / „mir hu missen danzen“ / „mir hu missten danzen“ – Verb „mussen“
Bei Modalverbe fënnt een amplaz vum Participe passé de sougenannten Ersatzinfinitiv („mir hu mussen/missen danzen“). Doriwwer eraus gëtt et och nach den hybriden Ersatzinfinitiv („mir hu missten danzen“): D’Form „missten“ ass eng Kombinatioun vum einfache Conditionnel („misst“) a vum Infinitiv („mussen“). 😮🤯
All d’Verbe fannt Dir och am #LOD an op eisem Site ➡ https://verben.lu
Eist Buch „D’Lëtzebuerger Verben“ 📙 kritt Dir an de Librairien, op letzshop.lu an op lord.lu fir 18 € ze kafen! 🛒😊
Klickt op d'Biller an der Galerie hei drënner, fir se am Groussen ze gesinn.