Inspiréieren a Loscht op Lëtzebuerg maachen
Och bei der zweeter Ausgab vum Reesmagasinn "Luci" huet den ZLS eng Hand mat ugepaakt
Déi zweet Editioun vum Luci ass do 🆕🙌 - ee flotte Magasinn vu Luxembourg for Tourism (@VisitLuxembourg), dee sech ganz nom Motto „Inspiring Travel Stories from Luxembourg” mat der Reesdestinatioun Lëtzebuerg beschäftegt. 🏞⛺😊
![](https://portal.education.lu/Portals/79/Images/luci-2cover.jpg?ver=2021-02-22-212059-693)
Bei der lëtzebuergescher Versioun konnte mir am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch beim Lektorat hëllefen an hunn dobäi natierlech an engems déi eng oder aner nei Säit vum Land kenne geléiert. 🤓👌
![](https://portal.education.lu/Portals/79/Images/luci2.PNG?ver=2021-02-22-212100-317)
De Magasinn kënnt Dir Iech online ukucken oder Iech hei en Exemplaire gratis an enger vun deene véier Sproochen (EN, DE, FR an LU) bestellen 👉 www.luci.travel