X

ZLS NEWS

Sproochepraxis mat der Asti

Eng virtuell Sproochenaktivitéit bréngt allkéiers e Benevollen an en Apprenant zesummen

Eng Sprooch, déi ee léiert oder geléiert huet, soll een och kënne gebrauchen, also praktizéieren. Dat ass de Gedanke bei dëser neier Initiativ vun der Asti, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Fir esou eng Sproochepraxis ze erméiglechen, gi Sproochkoppele gebilt –  e Matching, fir datt et an allen Hisiichte passt.

Wéi leeft dat of?

Déi virtuell Sproochenaktivitéit gëtt dem Benevollen an dem Apprenant d’Méiglechkeet, eng Konversatioun iwwer WhatsApp, Skype oder en aneren technesche Moyen ze féieren. Esou kréien d’Apprenanten d’Geleeënheet, ze schwätzen an d’Sprooch ze üben, déi se amgaange sinn ze léieren, an dat alles an engem decontractéierte Kader, ouni Grammairesreegelen an och ouni Orthografie. E kulturellen Austausch, bei deem ee Wëssen an Erfarungen deele kann.

De Projet vun der Asti viséiert all Persoun, déi interesséiert ass un de Sproochen an um Partage an déi Loscht huet, Leit aus
verschiddene Kulture kennen ze léieren.

 

Weider Informatiounen hei drënner an de Flyere vun der Asti:

- PDF op Lëtzebuergesch.

- PDF op Franséisch.