X

ZLS NEWS

Dat war déi éischt Schoulfoire!

E klenge Fotoréckbléck op de Stand vum ZLS an der Luxexpo

D'Graffitisoptioun aus dem Iechternacher Lycée hat de Stand vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch dekoréiert: e Mond, aus dem Wierder kommen, en Dino, fir op d'Etymologie vu Wierder an Nimm hinzeweisen, an eng Spriechblos, wou ee seng Liblingswierder konnt draschreiwen. (Hei geet et bei de Reportage vun RTL.)

An deem Set hu mir Iech dräi Deeg laang empfangen a mat Informatiounen a Gadgete versuergt. Besonnesch beléift: eis Stickere mat lëtzebuergeschen Ausdréck drop, Abzebiller genannt!

 

 

An natierlech hu mer eis iwwer all Besuch gefreet, direkt méindes koum sech zum Beispill den Educatiounsminister Claude Meisch informéieren a konnt bei der Demonstratioun vun engem Tool fir Sproocherkennung matmaachen. Hie war beandrockt, mir ware begeeschtert!

 

 

Weider Indformatiounen um Site schoulfoire.lu.

 

Merci jidderengem, dee kucke koum oder gehollef huet!

Bis d'nächst Joer!?