X

ZLS NEWS

Dee fuschneien LOD: Fotoe vun der Presentatioun

Den 20. Juni gouf am Forum um Campus Geesseknäppchen deen neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire virgestallt

Elo ass en do, dee fuschneien LOD!

Den 20. Juni gouf e symbolesch vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, lancéiert.

Nodeems den ZLS-Direkter d'Gäscht begréisst hat, eng gutt honnert Leit waren op d'Presentatioun am Forum komm, huet de Minister de Wäert vum LOD fir d'Lëtzebuergescht als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch ënnerstrach.

D'Dr. Sara Martin an de Lexikograf Alexandre Ecker hunn dunn deen neien LOD mat sengen erweiderte Méiglechkeeten erkläert.

E super flotten Owend, un dee mir eis nach gären erënneren ...

Merci, datt Dir derbäi waart!

A vill Freed mam neien LOD!

 

 

 

FOTOGALERIE (chronologesch) vum Petz Flammang