X

ZLS NEWS

100 Deeg fuschneien LOD

En éischte Bilan: Rekorder, Frechheeten a wäertvollen Input

Viru genee 100 Deeg, den 20. Juni 2022, gouf dee fuschneie Lëtzebuerger Online Dictionnaire a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend fir de Public zougänglech gemaach.

Deen Dag drop gouf direkt e Rekord gebrach: Et ware 7.433 Leit um Site an et goufe bannent 24 Stonne 54.682 Artikelen opgeruff!

Nieft deem neien Design, duerch deen och op mobille Geräter d'Dictionnaires-Artikele kënnen optimal duergestallt ginn, ass déi erweidert Sich ee vun den Highlights vum neien LOD. Déi gouf am Ganze 15.690 Mol genotzt, fir geziilt no Wierder ze sichen: Beruffsbezeechnungen, Déierennimm, déi mam Buschtaf T ufänken, Verben op -éieren (eng vun den heefegste Sichen!), ëmgangssproochlech Adjektiven, Wierder aus der Kannersprooch, Substantiven, déi mam Wuert Schaf reimen. Funfact: Niewent de Beruffer an den Déiere sinn d'Frechheeten déi beléifste Kategorie!

D'Useren hunn och déi vereinfacht Méiglechkeete genotzt, fir mat der LOD-Ekipp a Kontakt ze trieden: Zanter dem 20. Juni sinn 240 Kontakt-Messagë mat Feedback an/oder Froen erakomm an et goufen net manner ewéi 1.200 Wuertvirschléi gemaach! Dee wäertvollen Input vu bausse gëtt systematesch berücksichtegt an hëlleft, den Dictionnaire all Dag nach e bësse besser ze maachen.

Dofir e grousse MERCI un all d'LOD-Useren! Weider esou!