X

ZLS NEWS

Virtrag: D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 2015 bis 2025

Haalt Iech de 25. November fräi!

Den ZLS organiséiert e Virtrag mam Titel „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 2015–2025“, zesumme mam Yves Steichen (CNA).

Wou a wéini? De 25. November um 18:30 Auer am Lycée Technique pour Professions Educatives et Sociales (LTPES) zu Miersch (45, rue de la Gare)

De Virtrag ass gratis. Dir kënnt Är Plaz reservéiere via E-Mail op expo@zls.etat.lu.

De Virtrag ass och als Ifen-Formatioun ausgeschriwwen. Umelle kann ee sech hei.

 

Ëm wat geet et am Virtrag?

Zanter den 1990er-Jore beweegt sech de Lëtzebuerger Kino tëschent zwee Polen: Op där enger Säit d’Sich no enger eegener, dezidéiert lëtzebuergescher filmescher Identitéit mat themateschen a sproochlechen Eegenaarten; op där anerer Säit eng ëmmer méi staark Internationaliséierung duerch Koproduktiounen, fir iwwer d’Grenze vum Land eraus Presenz ze weisen.

Am drëtten Deel vun dëser Konferenzrei mam Titel „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 2015–2025“ gi mir virun allem op déi lescht zéng Joer vun dëser Entwécklung an. An dëser Zäitspan konnt de lëtzebuergesche Kino seng international Visibilitéit däitlech ausbauen: Duerch engersäits eng breet Pallett u Produktiounen a Koproduktiounen, déi och bei deene grousse Festivalle Resonanz fonnt hunn, an anerersäits duerch nei Formater a Seriëproduktiounen, déi op grousse Streamingplattformen ze gesi sinn, an doduerch d’Lëtzebuergescht international méi visibel gemaach hunn. Zousätzlech dozou ass d’Roll vu lëtzebuergesche Schauspillerervirzehiewen, déi international ëmmer méi Beuechtung fannen.

Gläichzäiteg ass awer och ze observéieren, dass ëmmer méi Filmer zu Lëtzebuerg entstinn, an deenen dat Lëtzebuergescht eebe keng Roll spillt a virun allem aner Sproochen dominéieren – en Trend, dee vill iwwert d’Internationaliséierung vum Filmsecteur ausseet.

Dëse Virtrag geet der Fro no, wéi sech all dës Entwécklungen néierschloen – also wéi eng Sproochen (an Dialekter) am Lëtzebuerger Kino optauchen a wéi eng wirtschaftlech a kulturell Facteuren dobäi eng Roll spillen – a weist dobäi, dass de Choix vun der Sprooch net nëmmen en dramaturgescht Mëttel ass, mee eng Schlësselkomponent fir d’Verständnis vum Rapport tëschent nationaler Identitéit an internationaler Ausriichtung an Ambitioun.