Virun allem déi national Aktualitéit huet d’Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024 dominéiert. Fir déi fënnefte Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat Partner aus de Meedien d’Wuert vum Joer gesicht. Dëst Joer hunn de radio 100,7, RTL, d’Tageblatt an d’Luxemburger Wort matgemaach.
Mat dësem Resultat:
- Presidententrick
- Caritas-Affär
- Heescheverbuet
- Rietsruck
- Grenzkontrollen
Sproochlech gesi fält ënner anerem op, datt et sech do ëm fënnef Zesummesetzungen handelt. D’Zesummesetzung (oder d’Kompositioun) ass eng Manéier, fir nei Wierder ze bilden.
Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?
Vu Mëtt November bis Niklosdag konnt jidderee seng Propos fir d’Wuert vum Joer 2024 beim ZLS areechen – entweeder op engem Ziedel op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 420 Propose mat engen 250 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm. Dorënner waren e sëllege Termen, déi just een- oder zweemol genannt goufen.
De Gros vun de Virschléi stoung an direkter Relatioun mat konkreeten Ereegnesser. Hei stieche leider nach ëmmer d’Konflikter uechter d’Welt (Eskalatioun, Gaza, Genozid, Krich, Zwee-Staate-Léisung), awer och d’Presidentschaftswalen an Amerika (Maga, Trumpismus, Swingstates), de Poopstbesuch zu Lëtzebuerg (mat der Variant Poopstvisitt) an d’Känguru-Saga am spéide Fréijoer, ervir.
Donieft goufen eng Rëtsch Begrëffer aus der Jugendsprooch (cringe – e Wuert, dat all Joer mat derbäi ass –, cimer, Gars, lost), aus dem Beräich vum Sport oder Entertainment (Olympia, Eurovision Song Contest), flott lëtzebuergesch Wierder (Gemauschels, Intebinnes, nondikass, Nullekackert, Pimpampel) oder soss opfälleg Wierder ewéi Buppknätzel oder Këschtevëlo proposéiert.
Aus der laanger Lëscht mat all de Proposen huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an dem Jury déi virgeluecht. Haaptkrittär beim Choix war d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt goufen ënnert anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff. Am Jury waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch (CPLL) Myriam Welschbillig, d’100,7-Redactrice Dany Weyler, den RTL-Senior-Journalist Andy Brücker, den Tageblatt-Chefredakter Armand Back, de Wort-Kulturchef Marc Thill an dʼLinguistin Dr. Sara Martin vum ZLS.
An engem éischte Walgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt Presidententrick als Wuert vum Joer 2024 ervirgaangen ass an domat d’Nofolleg untrëtt vu KI (Wuert vum Joer 2023), Ukrainkrich (2022), boosteren (2021) a Corona (2020).
E puer Informatiounen zu all Wuert aus dem Topp 5
- Presidententrick
Am Kader vun der Caritas-Affär ass e Wuert an de Gebrauch komm, dat bis dohin déi mannste Leit kannt hunn: de Presidententrick.
Esou en Trick gëtt benotzt, fir mat raffinéierte Combinne Leit derzou ze bréngen, onerlaabte Virementen ze maachen.
Och wa laut RTL ee- bis zweemol de Mount zu Lëtzebuerg e Presidententrick gemellt gëtt, war d’Wuert bis Juni 2024 net an de groussen Datesätz vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fannen an am Internet gouf et knapps e Grappvoll Beleeger. Eréischt vu Juli un ass d’Wuert méi attestéiert a kann dofir ganz besonnesch mam Joer 2024 a Verbindung bruecht ginn.
D’Wuert setzt sech zesummen aus President an aus Trick. Et ass ëmsou méi interessant, well et typesch Lëtzebuergesch schéngt ze sinn: Op Däitsch schwätzt een éischter vu Fake-President-Masche oder vun Überweisungsbetrug. Och an deenen aneren Iwwersetzungssproochen aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ass net rieds vun engem Trick.
D’Variant Presidentebedruch ass och verbreet a gouf dacks vun de Leit als Kandidat proposéiert. Well d’Zesummesetzung mat Bedruch sproochlech gesinn awer net esou originell ass, huet de Jury sech derfir entscheet, Presidententrick als Wuert vum Joer 2024 zeréckzebehalen.
- Caritas-Affär
D’Caritas-Affär war dat Evenement, dat déi national Aktualitéit an der zweeter Hallschent vum Joer 2024 markéiert huet.
Ouni Caritas-Affär wier och de Presidententrick, Wuert vum Joer 2024, sécher net an deem Mooss thematiséiert ginn. Nawell ass Caritas-Affär net op déi éischt Plaz vum Ranking komm.
Dofir goufen an der Haaptsaach zwee Grënn genannt:
- Caritas-Affär ass en Eegennumm. Et schwätzt een net vun enger Caritas-Affär, mee vun der Caritas-Affär. Well den Term e ganz preziist Evenement bezeechent, wäert en och net an den LOD opgeholl ginn.
Et war dem Jury en Uleies, fir bei der Wiel vum Wuert vum Joer déi sproochlech Krittäre mat ze berücksichtegen. D’Saach wier vläicht anescht ausgefall, wann et drëm gaange wier, d’Evenement vum Joer erauszesichen.
- D’Zesummesetzung vu Caritas an Affär hätt ee vläicht nach virun engem Joer iwwerrascht, nawell ass se sproochlech gesi manner originell ewéi déi vu President an Trick. Z. B. gëtt an däitsche Bäiträg zum Theema och nawell gäre vu Caritas-Affäre geschwat. Op Franséisch begéint een och alt affaire Caritas.
D’Variant Caritas-Skandal ass wäit verbreet, gouf awer manner dacks als Kandidat proposéiert. Caritas eleng war iwweregens och eng vun den Topp-Proposen.
- Heescheverbuet
Den Heescheverbuet an der Stad gouf schonn um Enn vum Joer 2023 thematiséiert. D’Wuert hat et dofir och schonn d’lescht Joer an d’Topp 10 gepackt. An der jonker Geschicht vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer ass et fir d’éischt, datt en Term zweemol an déi enkste Selektioun gewielt gëtt.
Och hei fanne mer eng Zesummesetzung tëschent zwee Wierder: heeschen a Verbuet. Besonnesch dat éischt gëtt dacks als typesch lëtzebuergescht Wuert ugesinn: Op Däitsch seet ee betteln, op Franséisch mendier.
- Rietsruck
D’Wuert Rietsruck ass net onbedéngt nei, krut awer 2024 en neien Opschwonk, well et dacks benotzt gouf, fir Walprognosen a -resultater uechter d’Welt ze kommentéieren, notamment och bei den Euopawalen am Juni 2024.
Och hei handelt et sech ëm eng Zesummesetzung, déi Kéier tëschent riets a Ruck.
D’Wuert Ruck ass am Lëtzebuergesche relativ seelen – et steet jiddefalls nach net am LOD. Dofir hätt ee kënnen erwaarden, datt éischter Rechtsruck als Léinwuert aus dem Däitsche géif iwwerholl ginn. Nawell gëtt deen éischten Deel dacks integréiert an d’Form Rietsruck ass déi, där een am meeschte begéint.
Rietsruck steet op der Lëscht, fir an den LOD opgeholl ze ginn.
- Grenzkontrollen
Dat fënneft Wuert (an domat och déi fënneft Zesummesetzung) am Ranking gouf am spéide Summer 2024 nees méi benotzt, wéi an Däitschland decidéiert gouf, op de Grenzen zu den Nopeschlänner, dorënner och Lëtzebuerg, bei der Arees méi systematesch ze kontrolléieren.
Déi Mesure gouf vill kommentéiert, mee d’Wuert ass weeder nei – et steet scho laang am LOD – nach gëtt et zur Zesummesetzung tëschent Grenz a Kontroll sproochlech eppes Extraes ze soen: Et sinn zwee ganz etabléiert lëtzebuergesch Wierder, déi ee praktesch 1:1 och am Däitschen erëmfënnt.