X

ZLS NEWS

Nei Beta-Versioun: D’Liesmaschinn kann elo och laachen! (Abrëllsgeck 2025)

Dir schreift, d’Maschinn liest a laacht vir – mat enger bekannter Stëmm

Den 10. Februar dëst Joer huet den ZLS déi éischt Versioun vum neie Site sproochmaschinn.lu virgestallt a krut zënterhier vill positiv Reaktioune vun de Userinnen a User vun der Schreifmaschinn an der Liesmaschinn. Ënner dem Feedback waren och schonn eng Hellewull Proposen, wéi een eis Toole mat neie Funktiounen nach besser kéint maachen.

E lëschtegen Update – vun der Liesmaschinn zur Laachmaschinn

Eng vun de proposéierten Iddie fir d’Liesmaschinn war déi vum Pitti, engem bekannte Personnage aus dem Lëtzebuerger Witzemilieu:

Salut,

de Pitti hei.

ech hunn elo grad d’Liesmaschinn getest a muss soen: Décke Gas! 👍 De Max liest mer meng Witzer schonn déck gutt vir.

Als Witzexpert erlaaben ech mer awer, eng Propos ze maachen: Ech rulle mech allkéiers därmoosse vu Laachen, dass ech mech bal u menger Aachtche verschlécken, mee de Max bleift ëmmer ganz seriö. Vläicht kéint der d’Liesmaschinn nach e bësse méi authentesch maachen an de Max och iwwer meng legendär Witzer laache loossen. Wier dat keng?

MbG
De Pitti

Dëse Feedback hu mer esou pertinent fonnt, datt mer e mir näischt, dir näischt ëmgesat hunn! Vun haut, dem 1. Abrëll 2025, un ass dann elo eng nei Beta-Versioun vum Tool prett, fir getest ze ginn. D’Liesmaschinn huet domat net méi just d’Stëmm vum Max Kuborn, mee och seng ustiechend Laach!

Fir de Pitti ass déi nei Funktioun vun der Liesmaschinn eng gelleg Freed: „Et ass eng grouss Éier, datt de fréiere Wiederfräsch iwwer meng Witzer laacht!“

Hahaha: Esou dot Dir den Tool kickelen

Fir déi nei Beta-Versioun ze benotzen, kënnt Dir Ären Text wéi gewinnt bei der Liesmaschinn antippen a musst, fir den Audio ze generéieren, just op de roude Knäppchen (★★★ NEI Beta-Versioun ★★★) klicken – a scho steet dem Gekickels näischt méi am Wee! An dat Bescht: D’Liesmaschinn huet direkt e puer Laachen drop (ROFL, LOL, haha, hihihi)!

Pitti goes Laachmaschinn

Hei kënnt Dir déi nei Funktioun testen: https://sproochmaschinn.lu/tts

Schreift eis gären op lod@lod.lu a sot eis, bei wéi enger Laach d’Häerz Iech am meeschte gegluckst huet!