X

ZLS NEWS

Den LOD gëtt et elo och op Nederlands

Den LOD krut eng zousätzlech Zilsprooch!

Nieft dem Däitschen, dem Franséischen, dem Engleschen, dem Portugiseschen an der Gebäerdesprooch gëtt et de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och op Nederlands.

Dës Versioun vum LOD – déi Der vun elo un um separate Site nl.lod.lu fannt – dierft besonnesch déi 3.661 Persounen am Grand-Duché interesséieren, deenen hir Haaptsprooch laut der Vollekszielung vun 2021 Hollännesch ass.

Se gouf zesumme mat zwee Benevollen, dem Här Theo van Dijk an der Madamm Marjolein de Jong, opgebaut; si hunn am Ganzen iwwer 30.000 Iwwersetzungen ausgeschafft.

Mir wënschen Iech vill „plezier“ beim Entdecke vun dësem neie „woordenboek“!