Den ZLS ass nees op der Sich nom Wuert vum Joer
Schéckt Är Proposen nach bis de 7. Dezember eran!

No Ukrainkrich, Kënschtlech Intelligenz a Presidententrick: Zesumme mat RTL Lëtzebuerg, mam 100komma7, mam Luxemburger Wort a mam Tageblatt Lëtzebuerg siche mir dat Wuert, dat d’Joer 2025 Ärer Meenung no politesch, ekonomesch, kulturell, gesellschaftlech oder sproochlech op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.
Wéi leeft d’Sich nom Wuert vum Joer of?
Aus der Lëscht mat all de Propose mécht dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist, déi dem Jury virgeluecht gëtt. Den Haaptkrittär beim Choix ass d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt ginn ënner anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.
Maacht mat a gewannt mat e bësse Chance ee vun dräi flotte Präisser!
Dir kënnt eis Är Propose bis de 7. Dezember hei eraschécken.