Och 2025 hat den LOD bei senge Useren a Userinnen erëm vill Succès – esouguer nach méi wéi déi Jore virdrun!
Am Ganze goufen nämlech 12.663.970 Artikele gekuckt, wat eng Hausse vu 17 % par rapport zu 2024 duerstellt.
D’Sich gouf 14.420.716 Mol benotzt, dat sinn 39.509 Requêten den Dag – oder am Duerchschnëtt, ob Dag oder Nuecht, all 2,2 Sekonnen eng!
Deen éischten Artikel, deen den 1. Januar 2025 an de fréie Moiesstonnen opgeruff gouf, ass dee vum Wuert hell; dee leschten
Artikel, dee kuerz virum Joreswiessel am LOD gekuckt gouf, ass dee vum Wuert grujeleg.
Hei sinn dann d’Topp 10 vun de meeschtgekuckten Artikelen, bei deene besonnesch déi fënnef éischt déi „üblech Verdächteg“ sinn:
1. kënnen – 29.255 Mol opgeruff
2. goen – 29.040 Mol opgeruff
3. hunn – 25.064 Mol opgeruff
4. sinn – 24.268 Mol opgeruff
5. maachen – 23.895 Mol opgeruff
6. ginn – 20.505 Mol opgeruff
7. huelen – 18.928 Mol opgeruff
8. kréien – 18.627 Mol opgeruff
9. kommen – 18.041 Mol opgeruff
10. gesinn – 16.731 Mol opgeruff
Déi heite Wierder sinn nei an d’Topp 300 vun de meeschtgekuckte Wierder bäikomm:
bëlleg, brauchen, Déier, fillen, genéissen, meeschtens, ongeféier, schéngen, Spellchecker, virstellen.
An dann hei nach e klenge Funfact: Den Artikel Merci ass d’lescht Joer 25 % méi dacks consultéiert gi wéi 2024: vun 990 (2024) op 1.239 (2025) Mol.
An deem Sënn: Merci, dass Dir den LOD esou heefeg consultéiert!
Nei Artikelen am LOD

D’Ekipp vum ZLS huet 2025 awer och fläisseg geschafft: Et sinn 348 nei Artikelen am LOD bäikomm, dorënner zum Beispill déi heiten:
Assistenzhond, beinhalten, Datingapp, geopolitesch, involvéieren, Knouterkätt, Libeskummer, Muffelwidder, No-Go, PMS, schéischwätzen, schladdereg, Teamgeescht, tonken, Vulva an zuléift.
Déi ganz Lëscht fannt Dir hei.
492 Artikele sinn iwwerdeems ausgebaut ginn, et ass also jeeweils op d’mannst een neie Sënn bäikomm. Dozou gehéieren zum Beispill déi heiten:
Bain-marie, Buggy, därbaants, duerchwuess, eepënneg, ees ewéi ees, gappen, hallefweegs, Hierzel, Luxemburgistik, Neurodivergenz, ruckzuck, Siddel, Tafelrechnung an Zappee.
Déi ganz Lëscht vun den Artikelen, bei deenen Inhalter bäikomm sinn, fannt Dir hei.
Vill vun dësen neien Artikelen an Inhalter hu mer eise Userinnen a User ze verdanken, déi fläisseg Wuertvirschléi a Verbesserungsvirschléi iwwer de Site eraschécken. Och dofir e ganz grousse Merci!