X

ZLS NEWS

liben, ech hunn dech (net) gär!

E bësse Léift fir opfälleg Wierder

Am Kader vu Vältesdag gouf déi lescht Woch zesumme mat RTL no enger hypotheetescher Alternativ fir „ech hunn dech gär“ an „ech si frou mat dir“ gesicht: Heiansdo gëtt jo bedauert, datt et kee Verb gëtt, fir d’Gefiller vun der Léift, déi ee fir eng aner Persoun huet, auszedrécken.

Déi Aktioun war beileiwen net geduecht, fir déi geleefeg Ausdréck forcéiert ze ersetzen. Se hat awer de Meritt, fir ee Wuert an de Fokus ze stellen, dat nawell dacks am Gespréich ass, an zwar d’Verb liben.

Dat Verb, genee ewéi e Grappvoll aner Wierder ewéi lecker a sech befannen, sinn nämlech fir verschidde Leit besonnesch opfälleg a ginn net onbedéngt als en Deel vum Lëtzebuerger Wuertschatz acceptéiert.

Fir kënnen opzefalen, mussen se awer am Gebrauch sinn, a wann se am Gebrauch sinn, dann hu se och fréier oder spéider hir Plaz am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, https://lod.lu) verdéngt. Den LOD ass en deskriptiven Dictionnaire, dee virun allem iwwer de Sënn an d’Orthografie vun de lëtzebuergesche Wierder informéiert: Eng Persoun, déi liben benotzt, soll kënne gewuer ginn, wéi et geschriwwe gëtt. Eng Persoun, déi liben héiert oder liest, soll kënne gewuer ginn, wat et heescht.

Deskriptiv heescht weeder preskriptiv, nach normativ: Et ass net, well e Wuert am Dictionnaire ass, datt een et muss benotzen. Et ass och net, well e Wuert net am Dictionnaire ass, datt een et net däerf benotzen. En Dictionnaire leeft souwisou der Sprooch ëmmer hannendrun: Bis viru sechs Méint hunn d’Wierder Koala an Dün esouguer nach am LOD gefeelt!

Well gewosst ass, datt Wierder ewéi liben kënnen opfälleg sinn, ginn se no an no mat der Informatioun Neologismus opgeholl: Domat ass net onbedéngt gesot, datt déi Wierder (oder verschidde Sënner) ganz nei sinn – ëmmerhi stoung liben och schonn am Luxemburger Wörterbuch. Et heescht éischter, datt se kënnen als (ze vill) nei empfonnt ginn.
 


An enger Rubrick “Kuckt och” ginn ausserdeem etabléiert Alternative proposéiert:



Iwwer dee Wee gëtt fir jiddereen d’Wëssen, dat et zu deenen Terme gëtt, zougänglech gemaach: Esou kann en toute connaissance de cause geliibt a gefrüstückt ginn, de Kaffi steet awer och jidderzäit prett, fir gedronk ze ginn.