De Fuss am neie Frack: Fir den 150. Joresdag vun der Publikatioun vum Reenert bréngt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Nei-Editioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk eraus. Editéiert gëtt si vum Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). Nieft dem ursprénglechen Text vun 1872, an déi haiteg Orthografie gesat (op Basis vun der Ausgab vun den Éditions Guy Binsfeld), fënnt een am Buch eng Biografie vum Auteur an och Essaien, déi de literareschen an den historeschen Hannergrond beliichten. Doriwwer eraus ginn am Buch al Wierder, déi net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. Et sinn am Ganzen eng 900 Begrëffer, déi direkt nieft de Versen ze fanne sinn.
Aus der Hellewull vu Wuerterklärungen vum Dr. Sam Mersch huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e gudde Grappvoll erausgesicht an am véierte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz an Zeen gesat: einfach erkläert a wéi ëmmer flott illustréiert vum Laurence Dostert.
"De Choix geet vum Atter bis bei den Zwackert, also vum Otter bis bei de Kriibs. Zu Éiere kommen d'Gebrësel, d'Gedibber an d'Gestronz, lauter Bezeechnunge fir eppes éischter Ustrengendes, awer och esou flott Ausdréck ewéi gepierpelt, kliger, näipen. An hätt Dir gewosst, wat Naswëtz, vermëmplen an zanz bedeiten? Keng Angscht, d'Äntwerte fannt Der eenzock an dësem Buch", schreift de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a senger Preface a wënscht vill Spaass beim Entdecken.
D’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt zesumme vum ZLS a vum SCRIPT editéiert. Bis elo si véier Bänn erauskomm. Hei drënner fannt Dir den Iwwerbléck iwwer déi ganz Rei an och Infoen iwwer déi dräi éischt Bänn. D'Bicher aus der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt et net beim Zenter selwer, mee an de Librairien, op heydoo.lu an op Lord.lu.
Serie Lëtzebuerger Wuertschatz
Band 1
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro
Band 2
D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro
Band 3
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 Säiten, 10 Euro
Band 4
Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro
Band 3: Vun Dréischel bis Kréischel
Ierzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie. Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen dʼBettseechesch- an dʼMauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi dʼMango an dʼMaracuja gehéieren an de Sproochen-Tuttifrutti.
DʼBegrëffer ginn alphabetesch opgelëscht – dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.
Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass dʼKiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat ...
Band 2: D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss
Nodeems de Band 1 vun der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" 123 Pärelen – also Wierder – aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, zerwéiert de Band 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten. Zwou dovu fënnt een dann och direkt am Titel: D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss.
"Ausdréck an Andréck" ass den Titel vum Minister Claude Meisch senger Preface: Léier keen alen Af Konschte maachen! Dee Sproch passt och zerguttstert op d'Lëtzebuerger Sprooch: Am Fong brauch een hir näischt bäizebréngen, well fir all mënschlech Staut an all natierlech Naup huet se well hiren Ausdrock. A wat fir Ausdréck, zackerdjëssen! Nom grousse Succès vum éischte Wuertschatz-Band „Aläert, jauwen, Zockerboun“, deen 123 Wuert-Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, kënnt der Iech dës Kéier op traditionell Riedensaarten a Riedewendunge freeën. Bäino honnert huet d'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch der aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire gefëscht an an dësem Buch gesammelt. Natierlech mat der Erklärung vum Ausdrock – op Lëtzebuergesch, awer och an deenen anere véier Iwwersetzungssprooche vum LOD: op Däitsch an op Franséisch, op Englesch an op Portugisesch. An der Hoffnung, datt méiglechst vill Leit sech fir d'Ausdréck begeeschteren an hinnen neit Liewe schenken. Dat doten ass eng Plooschter op en hëlzent Been! D'Ausdréck, déi am Dictionnaire bal all als ëmgangssproochlech markéiert sinn, gräife gären op Metapheren zeréck. Dat war e Wénk mat der Scheierpaart. An op däitlech Wierder. Dat huet kee Kapp a kee Schwanz! Wat bass du e Stéck Miwwel! Et ass eng Sprooch voller staarker Biller, kéipweis Fudder fir d'Fantasie: Sidd gespaant ewéi e Prabbeli an huelt dës sproochlech Käschten aus dem Feier. Well och fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëllt: Der Däiwel ass net esou schwaarz, wéi e gemoolt gëtt!
Band 1: Aläert, jauwen, Zockerboun
„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz ludique an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!
E sëllege Wierder goufen dem Zenter iwweregens duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert: Déi eng kennt een nach gutt, anerer huet ee vläicht nach ni héieren. D’Iddi vun der Serie ass et, d’Loscht un der Sprooch an un hirer Vilfalt waakreg ze halen. A wie weess, vläicht héiert een an Zukunft jo och dat eent oder anert Wuert nees méi dacks am deegleche Sproochgebrauch ...
An hei nach e puer Impressiounen aus dem Band 4: