X

ZLS NEWS

150 Joer Reenert: De Fuuss am neie Frack!

Eng Nei-Editioun, eng Editioun op Englesch, en neie Band vum Wuertschatz, e grousse Colloque an eng Liesung op de Walfer Bicherdeeg

Fir den 150. Joresdag vun der Publikatioun vum Reenert bréngt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Nei-Editioun vum Michel Rodange senger Déierefabel eraus, eng Editioun op Englesch an en neie Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, ausserdeem organiséiert en e grousse Reenert-Colloque an eng Reenert-Liesung op de Walfer Bicherdeeg.

De Claude Meisch huet bei der Presentatioun vun de Publikatiounen a Manifestatiounen am Lycée Michel-Rodange nach emol d’Wichtegkeet vun dësem Wierk fir Lëtzebuerg ënnerstrach: „Et gëtt net vill lëtzebuergesch literaresch Figuren, déi esou present an der Gesellschaft si wéi de Reenert. Dem Michel Rodange seng spatz Fieder, déi geschlaffe Sprooch an déi gewiift Aart a Weis, fir duerch d’Déierewelt e kritesche Bléck op d’Gesellschaft ze geheien, sinn net nëmmen e Stéck Lëtzebuerger Patrimoine, mee och e literaresche Genoss.“

 

 

Nei-Editioun vum REENERT – De Fuuss am Frack an a Maansgréisst

De Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn zesummen eng nei Ausgab vum Reenert editéiert. Nieft dem ursprénglechen Text vun 1872, an déi haiteg Orthografie gesat (op Basis vun der Ausgab vun den Éditions Guy Binsfeld), fënnt een am Buch eng Biografie vum Auteur an och Essaien, déi de literareschen an den historeschen Hannergrond beliichten.

Doriwwer eraus ginn am Buch al Wierder, déi net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. Et sinn am Ganzen eng 900 Begrëffer, déi direkt nieft de Versen ze fanne sinn.

Déi jonk Lëtzebuerger Kënschtlerin Mia Kinsch huet eng Rëtsch Illustratioune realiséiert, déi dem Wierk e frëschen Optrëtt erméiglechen a gläichzäiteg der Zäitlosegkeet vum Klassiker gerecht ginn.

 

Band 4 vum Lëtzebuerger Wuertschatz: Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert

Aus der Hellewull vu Wuerterklärungen vum Dr. Sam Mersch (ZLS) am Reenert huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e gudde Grappvoll erausgesicht an am véierte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz an Zeen gesat: einfach erkläert a flott illustréiert vum Laurence Dostert

D’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt zesumme vum ZLS a vum SCRIPT editéiert. Bis elo si véier Bänn erauskomm. Hei fannt Dir d'Infoen iwwer déi beléifte Rei.

 

De Reenert elo och op Englesch

Mat der englescher Iwwersetzung gëtt de Reenert elo och disponibel fir déi engleschsproocheg Communautéit am Land a gläichzäiteg och fir d’Fuerschung op der ganzer Welt. De Reenert op Englesch, iwwersat vum Jeff Thill, ka gratis online als PDF-Dokument erofgeluede ginn, dëst op www.heydoo.lu. Hei den direkte Link.

 

 

Referenzen:

Reenert – De Fuuss am Frack an a Maansgréisst
Editeuren: Script an ZLS, ISBN 978-99959-1-462-2, 416 Säiten, 39 Euro

Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 4, Editeuren: ZLS a SCRIPT, ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro

Reenert – The Fox in a Sunday suit and in human shape (bilingual edition)
Eroflueden op: https://www.heydoo.lu/reenert-biluangal-edition

 

 

E Colloque ronderëm de „Reenert“ den Dag virun de Walfer Bicherdeeg ...

De Reenert steet och am Mëttelpunkt vun engem grousse Colloque e Freideg, den 18. November vu 14:00 bis 18:00 Auer um Site vum eduPôle zu Walfer a gëtt organiséiert vum SCRIPT a vum ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, am Kader vun de Walfer Bicherdeeg.

Do kommen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire, déi englesch Iwwersetzung an d’Illustratioun vun der neier Editioun aginn. De Colloque ass op Lëtzebuergesch a gëtt live iwwerdroen op RTL.lu. D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass erwënscht iwwer Mail op lux@men.lu.

Enseignanten an Enseignanteë fannen de Reenert-Colloque och am Katalog vum Ifen.

 

... an eng Liesung am Kader vun de Walfer Bicherdeeg

Op de Walfer Bicherdeeg liesen de Jeff Thill an de Marc Limpach verschidde Passagen aus dem Reenert – allkéiers dee selwechten Extrait eemol op Lëtzebuergesch an eemol op Englesch. Déi Liesung ass sonndes, den 20. November ëm 11:45 Auer.

Op de Walfer Bicherdeeg ass den Educatiounsministère duerch de SCRIPT an den ZLS vertrueden, déi op hirem gemeinsame Stand de Reenert an de Mëttelpunkt stellen.


Programm vum Reenert-Colloque (18.11.2022):

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt

Adress: eduPôle, 28, Route de Diekirch, Walfer
Gebai VIII (hannert dem lénke Fligel vum Schlass, wann ee vu vir drop kuckt), Sall Nummer B08-E00-005