X

ZLS NEWS

Gesicht: Leit, déi nach en typeschen Dialekt schwätzen

Fir eng mobil Ausstellung wëll den ZLS lokal Sprooch-Varietéiten dokumentéieren

Den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) schafft grad un enger Wanderausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, méi genee iwwer d'Sproochen zu Lëtzebuerg. An dozou gehéieren natierlech och déi sëllege lokal oder regional Mondaarten. E puer dovunner dierften engem direkt afalen, wann ee Wierder héiert ewéi bléimelen, mär an där, Goart a Moart, hokt a Brukt oder och nach gring a gréin fir gréng – net ze vergiessen nit, nik an nek fir nee. Beispiller gëtt et der méi wéi genuch!

 

Den ZLS op der Sich no Dialektspriecher: den Opruff op Radio Lëtzebuerg

 

Et ass einfach e Fait, datt vill eenzel Dierfer a Regiounen hir eegen Aussproochen hunn – mol méi, mol manner opfälleger – oder haten. Well gläichzäiteg ass et de Constat, datt et der ëmmer manner gëtt: D'Zuel vun de Spriecher geet erof. Et gëtt der awer nach an ëmmer nees gëtt – national wéi international – eng Opwäertung vun den Dialekter gefuerdert.

Fir e puer vun de ville Lëtzebuerger Varietéiten an der klenger mobiller Ausstellung, déi mat e bësse Chance am Laf vum Joer kann op den Tour goen, ze thematiséieren, sicht den ZLS Dialektspriecher aus allen Ecker vum Land.

Dofir: Wann Dir nach eng lokal Mondaart gutt beherrscht an Iech wëllt filme loossen, dann zéckt wannechgelift net a mellt Iech bei eis. Am einfachste per E-Mail op lod@lod.lu (gären awer och iwwer den Telefon 247-88 600).

Mir sënneren dann all d'Kandidaten a Kandidatinnen, datt mer eng gutt lokal Verdeelung kréien, a kontaktéieren Iech dann, fir e Rendez-vous auszemaachen, warscheinlech am Mäerz. Mir bréngen deen Ament och eppes mat, wat an Ärer Sprooch ze soen ass, fir datt mer duerno kënne vergläichen. An dobäi gitt Der natierlech och gefilmt.

En Zesummeschnëtt vun den Opname weise mir dann dono ënnert anerem an der Ausstellung iwwer d'Sproochen.

 

Am Viraus e grousse MERCI fir Ären Interessi a fir Är Hëllef!