X

ZLS NEWS

Déi 5. Oplo vun der Lëtzebuerger Orthografie ass do

Et gëtt se ë. a. um ZLS-SCRIPT-Stand op de Walfer Bicherdeeg grad ewéi e sëllegen aner flott Produiten

De Weekend vum 19. an 20. November sinn d'Walfer Bicherdeeg, e Samschdeg vun 10 bis 19 Auer an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer.

Den Educatiounsministère ass duerch de SCRIPT an den ZLS vertrueden. Dir fannt de gemeinsame Stand an der Hal 2. Am Mëttelpunkt: den neie Reenert, den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz, déi 5. Oplo vun der Lëtzebuerger Orthografie an e sëllege flott Merch-Produiten (kuckt heidrënner).

 

D'Lëtzebuerger Orthografie

 

 

Et ass nach ëmmer e Bestseller, d'Bichelche mat den ofizielle Reegele vun der Rechtschreiwung. Déi 5. Oplo vun D'Lëtzebuerger Orthografie ass elo do an nach ëmmer gratis ze kréien. Zum Beispill de ganze Weekend iwwer um Stand vum ZLS/SCRIPT, awer och nach ëmmer per E-Mail op lod@lod.lu (d'Adress net vergiessen). A keng Angscht, an der 5. Oplo goufen e puer Feeler a Formulatioune verbessert, un de Reegele gouf net gefréckelt.

 

D'RTL-Dictée

De Sonndeg de Moien ëm 10 Auer ass et nees esou wäit: Déi beléiften RTL-Dictée steet um Programm, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch an alles am Livestream.

 

 

Natierlech kann ee beim Matschreiwen och nees eppes gewannen – sur place an deenen dräi Sproochen a bei der lëtzebuergescher Dictée och vun doheem aus! Wann Dir also e Sonndeg via Livestream matschreift, da mailt Ären Text (oder eng Foto dervun) direkt no der Dictée op lod@lod.lu. Eng Ekipp vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch verbessert déi 30 Texter, déi als éischt eragemailt ginn. Et kënnt also och op d'Zäit un! Déi dräi Texter mat de mannste Feeler gi belount – mat engem Akafsbong vun 100 Euro a mat flotte Bicher vum ZLS a SCRIPT. Dofir: Maacht mat, sidd séier a schreift keng Feeler!

 

Merch ... and more

 

Um SCRIPT-ZLS-Stand de Weekend op de Walfer Bicherdeeg gëtt et net nëmmen D'Lëtzebuerger Orthografie an de Katalog Lies a Fléi gratis, mee och nach eng Hellewull flott Merch-Produiten, wéi een haut seet: Postkaarten, Stickeren, Sous-mainen, Bicker ... Kommt laanscht an zerwéiert Iech!

Wat et alles gëtt, gesitt Dir hei drënner, fir d'éischt awer eng Iwwersiicht iwwer déi Bicher vum SCRIPT a vum ZLS, déi et um Stand ze kafe gëtt: