X

ZLS NEWS

Wat mengt Dir? Véier Sproocheronnen am Juni

E breeden Echange en vue vum 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

D’Regierung huet 2017 eng Strategie fir d’Promotioun an d’Stäerke vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl mat engem Plang mat 40 konkreete Moossnamen. Zwee Haaptpunkte waren d’Schafe vum Poste vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Alle béid goufe se 2018 an d’Liewe geruff a sinn zanterhier ganz aktiv.

20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

E weidere Punkt war d’Ausschaffe vun engem 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir deen de Commissaire Marc
Barthelemy zoustänneg ass. Eng nei Editioun vun de Sproocheronnen (cf. heidrënner #kontext) soll dem Public erlaben, un der Ausaarbechtung vum 20-Joresplang matzewierken, nieft dem interministerielle Comité an aneren Acteuren am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch.

 

 

Biergerconsultatioun

Virum Summer 2022 sinn Owender an de véier verschiddene Regioune geplangt, mat Workshoppen zu den Theeme Lëtzebuergesch léieren, Lëtzebuergesch am Alldag a Lëtzebuergesch am 21. Joerhonnert:

1) Dënschdeg, 7. Juni: Terre-Rouge-Gebai um Belval
2) Donneschdeg, 9. Juni: Lycée classique d'Echternach
3) Dënschdeg, 14. Juni: Lycée Michel-Rodange an der Stad
4) Donneschdeg, 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf

Allkéiers ëm 19 Auer.

 

Och online
Nieft de Soiréeë selwer kann ee sech och online bedeelegen a seng Meenung abréngen. De Forum dofir kënnt op d’Säit www.lux.lu, een neit Portal vun der Lëtzebuerger Sprooch, dat vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch en place gesat an aktualiséiert gëtt.

 

#kontext
D’Sproocheronnen 2022 ginn am Suivi vun de Sproocheronnen 2018 organiséiert. Deemools goufe Biergerforen organiséiert, fir och de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, sech aktiv fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch anzesetzen. Iwwer 150 interesséiert Leit hunn deelgeholl an online koumen iwwer 100 konkreet Proposen eran. Dës goufen zum Deel déi lescht Joren an de Mesurë ronderëm d’Sproochpolitik ëmgesat.

 

Dës Informatioun iwwer d'Sproocheronnen 2022 fannt Dir och am EDI, dem Infomagazin fir Elteren (Nummer 1/2022, Säit 34).