X

ZLS NEWS

Lëtzebuergesch no der 4e: e Choix mat Perspektiven

Eng nei Offer am Lycée Michel-Rodange vun der Rentrée 2022 un

Du interesséiers dech fir d’Lëtzebuerger Sprooch? Fir d’Literatur op Lëtzebuergesch? Fir d’Geschicht vum Land? Du kéints dir och nach virstellen, Lëtzebuergeschcoursen ze ginn? Dann huet de Lycée Michel-Rodange elo genee dat Richtegt fir dech.

Flyer fir erofzelueden (PDF)

Fir un dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e unzeknäppen, gëtt am Lycée Michel-Rodange eng nei Offer am Beräich vum Lëtzebuergeschen agefouert.

Sektioun A Lëtzebuergesch vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als 4. Sprooch op der Sektioun A gewielt ginn, alternativ zum Spueneschen oder Italieeneschen. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch op 3e a fënnef Stonnen op 2e a 1re.

Sektioune B, C, D, E, F a G vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als zousätzlech Sprooch gewielt ginn. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch vun 3e bis 1re. En ersetzt op 3e den Optiounscours an op 2e a 1re Däitsch oder Franséisch.

De Programm ass breetgefächert:
• Literatur
D’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an d’Méisproochegkeet vum Land hu sech entwéckelt mat der Geschicht vu Lëtzebuerg a mat der Literatur. D’Lëtzebuerger Sprooch huet vill verstoppte Pärelen an Eegenheeten, déi an de Coursen ze entdecke sinn.
• Linguistik & Orthografie
D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt beschriwwen an erkläert, hire Fonctionnement, mee och hir Roll an der Gesellschaft. Donieft kritt een am Cours déi néideg Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire vermëttelt.

 

 

Als Schüler vun der A-Sektioun an als Schüler vun de Sektioune B-G kriss de d’Méiglechkeet, wärend deenen 3 Joer den Zertifkat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze maachen. Nieft dem normale Lëtzebuergeschcours muss de dofir am Kader vun der Optioun op der 2e de Module Didaktik mat Succès ofschléissen. Mam ZLSK kriss de d’Méiglechkeet, fir Lëtzebuerger Sproochecoursen an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur ze halen an der nieft dengem Studium eppes dobäizeverdéngen a wichteg Praxiserfarung ze sammelen.

De Premièresdiplom op der A-Sektioun Lëtzebuergesch stellt eng gutt Virbereedung op d’Beruffsliewen duer a bitt gläichzäiteg ideal Viraussetzunge fir weiderzestudéieren, ganz besonnesch an de Geeschtes- an an de Sozialwëssenschaften (Germanistik, Romanistik, Engleschstudien, Pedagogik etc.).

 

D'TEAMS-Reunioun iwwer déi nei Lëtzebuergesch-Offer am Lycée Michel-Rodange, déi fir de 24. Mäerz 2022 ëm 16:00 Auer virgesi war (cf. Flyer), gouf kuerzfristeg verréckelt a gëtt méi spéit nogeholl. Är Froe kënnt Dir awer weider op d'E-Mail-Adress letzebuergesch@men.lu schécken. Merci fir Äert Versteesdemech.

 

 

Wonnerbar Nouvellë fir d'Lëtzebuergescht kommen och vun der Uni. Si deelt mat: "Am Wantersemester starte mir eng fuschnei Bachelor-Formatioun 'Lëtzebuerger Linguistik & Literatur'. Domat enseignéiere mir d'Lëtzebuergescht duerchgängeg op Bachelor- a Masterniveau. Rëm eng nei Etapp an der Luxemburgistik!"

Méi Informatiounen iwwer deen neie Bachelor gëtt et hei.