X

ZLS NEWS

E bësse Wuppes fir Wuertle!

Dir spillt Wordle op Lëtzebuergesch? Dann dierft dat hei Iech interesséieren ...

Dir kennt d'Spill Mastermind an och d'Tëleesemissioun Motus? Da seet Iech och sécher Wordle eppes: A maximal sechs Versich en onbekanntent Wuert mat fënnef Buschstawe roden – dorëm geet et.

Am Web suergt d'Spill grad fir e klengen Hype, esou datt et et antëscht an e sëllege Sprooche gëtt – och op Lëtzebuergesch! Vum Sven Clement staamt déi lëtzebuergesch Versioun, genannt Wuertle. Gefiddert mam Datesaz vum LOD, also vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

Dat huet natierlech och den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch interesséiert an eise Computerlinguist an Datenanalyst Sven Collette huet ausgerechent, wéi eng Buschtawen an den LOD-Wierder mat fënnef Buschtawen (ouni Eegennimm an ouni flektéiert Formen) am heefegste sinn an och nach op wéi enger Plaz ... mat dësem Resultat:

Mat deenen Informatioune konnt dunn natierlech gekuckt ginn, mat wéi enge Wierder een am beschten ufänkt, well dann d'Warscheinlechkeet am héchsten ass, fir direkt op d'mannst een Treffer ze hunn. Dem Sven Collette seng Äntwert:

Statistesch gesi fänkt een am beschten u mat:

1. SAIER
2. LAUER
3. LASER

Domat huet een eng Chance vu 96 %, op d'mannst ee Buschtaf ze geroden, dee passt.

A wéi e Start sollt een evitéieren? Dat si Wierder wéi Ziwwi, Bobbo a Fiffi ... oder och nach Hobby, Lobby an Diwwi ...

 

Der REVUE (Nr. 9/2022) stoung de Sven Collette Ried an Äntwert: