X

ZLS NEWS

Presentatioun vum „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“

E klenge Réckbléck mat engem Video a mat ville Fotoen

Am Forum Geesseknäppche gouf e Méindeg, den 19. Juni 2023 de Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit offiziell presentéiert. Den Atlas am DinA3-Format mat 640 Säiten a méi ewéi 570 Dialektkaarte gëtt erausgi vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a vum Institut grand-ducal, Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique.

Et waren ëm déi 200 Leit op der Plaz. Villmools MERCI fir dee groussen Interessi!

D’Christiane Kremer huet duerch den Owend geféiert, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musikalesch encadréiert gouf.

Déi ganz Presentatioun gouf gefilmt a kann op Youtube am Replay gekuckt ginn.

 

Informatiounen iwwer d'Buch:

Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2023
Daten: Mag. Alain Atten
Kaarten: Dr. Claude Schmit
Koordinatioun a Korrektur: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Editeuren: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an Institut grand-ducal de Luxembourg · Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique
Co-Editeur: SCRIPT
Layout: Bakform, Patrick Hallé
Dréckerei: Imprimerie Centrale, 1. Oplo 2023
ISBN 978-2-9199644-0-6, Präis: 75 Euro

 

An der Fotogalerie vum Steve Müller kritt een e puer Andréck vum Owend.

Vill Spaass beim Kucken!