X

ZLS NEWS

Wat der Däiwel: Déi nei Stickere sinn do!

Dir kënnt d'ZLS-Abzebiller gratis per E-Mail bestellen (esoulaang wéi der do sinn).

Dir wëllt se? Dir kritt se! Esouguer wann Dir dem Honn hanne wunnt. Fir näischt. A lass!

Mailt eis op lod@lod.lu mat Ärer Adress an da schécke mir Iech se gratis heem. 🙌

Dann ass déi Bier geschielt. Zackerdjëss! Dat gëtt Knuppefreed. Oder Ham, Fritten an Zalot. Eng Schlabäizchen. Puppsat!

 

D'Ausdréck hu mir aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) geholl. Design: Elisabeth Tescher (SYMBOL.lu). Drock: EXEPRO.

 

Iwweregens: Dir wëllt ni méi eng Sticker-Info verpassen? Dann abonéiert Iech op eis Newsletter (se ass gratis a kann zu all Ament nees annuléiert ginn). 📨📬💌

 

 

PS: Eis éischt Serie vun Abzebiller mat lëtzebuergeschen Ausdréck drop war racksdeg vergraff.

Dat war e Furri!