X

ZLS NEWS

Nondipipp, d’Fësch si lass! (Abrëllsgeck 2023)

Haut an de fréie Moiesstonne koum et zu engem dramateschen Tëschefall am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen.

Wéi verschidde Leit vläicht scho woussten, schaffen am ZLS net nëmme Sproochnerds, mee och Fëschfreaks. Dat ass dann och de Grond, firwat scho viru Joren e groussen Aquarium mat allerlee Fësch am Zenter installéiert gouf. Bei der leschter Vollekszielung 2022 koum eraus, datt mëttlerweil ganzer 23.924 Fësch am ZLS-Aquarium friddlech zesummeliewen.

 

Hënt koum et dunn awer zu engem trageschen Tëschefall: Aus bis ewell ongekläerte Grënn ass den Aquarium tëschent 4:37 a 5:12 Auer gebascht. Et gouf zwar vill Materialschued, mee de Veterinär konnt séier Entwarnung ginn – et koum kee Fësch zu Schued. D’Aquariumsbewunner si mam Waasser aus hire véier Wänn geschoss an an de Serverraum gespullt ginn, wou se awer den LOD als Noutausgang konnten notzen.

 

Bis ewell ass den äerdege Rettungsekippen scho gelongen, deen een oder anere Fësch aus dem LOD ze evakuéieren. Nawell ginn der nach ëmmer immens vill vermësst. Dofir si mer op d’Hëllef vun den LOD-Userinnen a -User ugewisen. Mellt eis wgl. via Facebook, Instagram oder Twitter, wann Dir engem Fësch am Dictionnaire begéint.

Dës Schnuddelpiisch konnt scho vun de Rettungsekippen aus dem LOD evakuéiert ginn.

 

Vermësst ginn:

· 9888 Schnuddelpijen (Gymnocephalus cernuus)

· 8361 Blénkerten (Alburnus alburnus)

· 2027 Routaen (Rutilus rutilus)

· 1931 Hiechten (Esox lucius)

· 1537 Dreckselleren (Phoxinus phoxinus)

· 180 Néngaen (Lampetra fluviatilis)

 

Den Zenter seet Iech elo scho Merci fir Är Hëllef. Mat e bësse Chance misste mer muer scho kënnen Entwarnung ginn.

 

Sou oder sou änlech huet den ZLS-Aquarium virum Ongléck ausgesinn.