X

ZLS NEWS

Schéckt eis wgl. Är Waltexter, Programmer a Bilanen

An denkt onbedéngt drun, den Dépôt légal an der BnL ze maachen

Virun eisem Opruff, hei e klenge Rappel: Den Dépôt légal vum ganze Material fir d'Walcampagne ass natierlech wéi ëmmer an der Nationalbibliothéik (BnL) ze maachen. Hei gëllt d'Mailadress: depot-legal@bnl.etat.lu. Den ZLS steet och mat der BnL a Kontakt an eisen Opruff ersetzt den Dépôt légal natierlech net!

- - - - - - - - - - - - - - - - - - - -

 

Léif Parteien, Gruppéierungen, Biergerlëschten, Ekippen an Eenzelkandidaten,

 
schéckt eis wgl. Är Waltexter, Programmer a Bilanen!

 

Fir d’Dokumentéiere vun der Lëtzebuerger Sprooch sammelt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch all Zort vun Texter op Lëtzebuergesch, déi am Kader vun de Walcampagnë vun deenen eenzelen Acteure produzéiert ginn, fir se nohalteg ze archivéieren.

 
Mir freeën eis iwwer all Bäitrag vun Iech.

 
Wann Dir Är Publikatiounen an elektronescher Form hutt, da mailt eis se wgl. op lod@lod.lu. Wann Der se just a gedréckter Form hutt, da schéckt eis se och gäre mat der Post op eis Adress:

 
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
163, rue du Kiem
L-8030 Stroossen

 
Am Viraus schonn e ganz grousse Merci!

A wéi gesot, den Dépôt légal wgl. net vergiessen ...