X

ZLS NEWS

INVITATIOUN: Presentatioun vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"

D'Buch vum Alain Atten a Claude Schmit gëtt den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppche virgestallt

640 Säiten am A3-Format, 568 grouss Dialektkaarte mat Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt: De Sproochatlas vum Alain Atten a vum Claude Schmit huet et a sech. Gutt zwee Joer gouf dru geschafft, elo ass et endlech esou wäit:

Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, invitéieren Iech häerzlech op d’Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 a Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit e Méindeg, den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen.

D’Christiane Kremer féiert duerch den Owend, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musekalesch encadréiert a mat engem gemittleche Patt ofgeschloss gëtt. Mellt Iech wgl. online u bis de 16. Juni 2023.

Jiddereen ass wëllkomm!

 

 

D'Presentatioun vum neie Sproochatlas als Ifen-Formatioun

 

 

Op der offizieller Virstellung léieren d'Participanten an d'Participanteën déi fonkelnei Publikatioun "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" vum Alain Atten a vum Claude Schmit kennen a sinn dono capabel, de Kontext vum Sproochatlas ze situéieren, d'Entsteeungsgeschicht vum Sproochatlas ze retracéieren an d'Symboler an d'Legenden am Sproochatlas ze verstoen an ze erklären.

Nieft enger Gespréichsronn mat den zwee Auteuren, dem Alain Atten an dem Claude Schmit, an zwou Linguistinnen aus dem ZLS, dem Nathalie Entringer an dem Sara Martin, besteet och d'Méiglechkeet, direkt mat den Auteuren an de Leit aus dem ZLS ze schwätzen.

De Code vun der Ifen-Formatioun "De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" ass: D1-b-63.