X

ZLS NEWS

Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg: Mir siche Leit fir en Temoignage!

Am Kader vun der Digitaliséierung vun eiser Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ siche mir no Leit, déi bereet sinn, iwwer hir Erfarunge mat den Erausfuerderungen ze schwätzen, déi a méisproochege Kontexter kënnen entstoen:

Hat Dir schonn emol Situatiounen, an deenen et net méiglech war, Iech an enger Sprooch auszedrécken, déi Der gutt kënnt?
Zu wéi enge Schwieregkeeten ass et hei komm?
Wéi krut Dir d’Situatioun geléist?

👉 Méi konkreet si mer op der Sich no Persounen, déi Lëtzebuergesch schwätzen an déi virun der Kamera iwwer hir Erfarungen an engem vun dësen zwee Beräicher wëlle schwätzen:

  • als Client respektiv Cliente a spezialiséierte Geschäfter (z. B. am Baumaart),
  • als Patient respektiv Patientin am Gesondheetswiesen.

Wann Dir also

➡️ Lëtzebuergesch schwätzt,
➡️ kee Problem dermat hutt, virun der Kamera ze stoen,
➡️ Är konkreet Erfarung(en) mat der Méisproochegkeet als Client/Cliente oder Patient/Patientin wëllt deelen,

da mellt Iech bei eis op der E-Mail-Adress expo@zls.etat.lu. 📧

Interesséiert Persoune gi vun eis fir e Virgespréich kontaktéiert.
Den Tournage ass fir Ufank/Mëtt Mee zu Diddeleng geplangt.

En Zesummeschnëtt vun den Opname gëtt um Site vun eiser digitaliséierter Wanderausstellung gewisen; dëse geet am Summer 2026 online.

Mir soen am Viraus Merci fir Är Hëllef!