D'Lëtzebuerger Orthografie - FAQ
Säit wéini ass déi aktualiséiert Orthografie vum Lëtzebuergeschen a Kraaft?
Déi aktualiséiert Orthografie ass säit dem 15.11.2019 a Kraaft. Déi al Schreifweis gouf am September 2020 ofgeschaaft, esou datt et eng Iwwergangszäit gouf, an där béid Schreifweise konnte benotzt ginn.
Firwat gesinn ech am LOD déi al Schreifweisen net méi?
Den LOD weist säit dem 15. November 2019 just nach déi nei Schreifweis. De Site ass awer esou ageriicht ginn, datt Dir gesitt, wann eng Grafie geännert huet. Dat ass iwwer Infoboxe gereegelt: Eng kleng Case um Enn vum Artikel weist Iech an dësem Fall, wéi dat Wuert virdru geschriwwe gouf an op wéi eng Reegel sech déi nei Schreifweis bezitt. Op dës Manéier gesäit een direkt, wat geännert huet an et kann een déi nei Reegel och noliese goen.
Firwat gouf iwwerhaapt en neien Text publizéiert?
Fir deen neien Text vun der Orthografie gëtt et zwee Argumenter: Op där enger Säit gouf ee groussen eenheetlechen Text verfaasst an op där anerer Säit goufen eng Rei Reegelen aktualiséiert.
Virdrun huet d’Lëtzebuerger Orthografie op zwee Texter berout: op engem vun 1975 an op engem vun 1999. Déi hunn sech souzesoen ergänzt, awer deelweis waren nach vill Beräicher net gekläert. Dat gouf iwwerschafft, fir e méi kohärent Reegelwierk ze schafen.
Wéi a wou ass deen neien Text entstanen?
Säit 2015 gouf un deem Text geschafft. De geneeën Oflaf an all d’Nimm vun de bedeelegte Persoune stinn an der Annex vum aktuellen Text, deen
een
hei als PDF kann eroflueden.
Wou kann ech déi nei Orthografie üben?
Um Site ortho.lod.lu
fannt Dir eng Zesummefaassung vun alle Reegelen an och eenzel Exercicen, fir d’Schreifweis ze trainéieren.
Et gëtt eng Rei Léierwierker an uechter d’Land eng ganz Rei Leit, déi déi lëtzebuergesch Orthografie kompetent a Coursen erklären.
Wéi kommen ech un den Text vun der Orthografie?
Deen aktuellen Text vun der Lëtzebuerger Orthografie ass online accessibel. Dir kënnt den Text hei no de Menüpunkten eenzel opruffen oder och als ganze PDF eroflueden. Dir schafft léiwer mat engem Buch? Dat ass och kee Problem. Schreift einfach eng E-Mail mat Ärem Numm an Ärer Adress op lod@lod.lu, fir e gratis Exemplaire beim ZLS ze bestellen.
Ech si fit an där „aler“ Orthografie a wëll just wëssen, wat geännert huet. Wou muss ech do kucken?
Déi Leit, déi séier en Iwwerbléck wëlle kréien iwwer d’Aktualiséierungen, kënnen um Site vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch oder um Site vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en Dokument eroflueden, dat déi zentral Aspekter vun der Lëtzebuerger Orthografie zesummefaasst. Hei stinn dann och d’Verweiser op déi aktualiséiert Kapitelen am Haapttext.
Ech verstinn d’Wierder an d’Erklärungen am Text vun der Orthografie net all. U wie kann ech mech do wennen?
Prinzipiell ass versicht ginn, den Text esou einfach an awer esou prezis wéi méiglech ze formuléieren. A wann e Fachwuert benotzt gëtt, da gëtt et meeschtens iwwer eng Rei Beispiller däitlech gemaach. Bei eenzele Froe kënnt Dir Iech och gären direkt beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mellen. Dat geet am beschte per Mail iwwer d’LOD-Hotline: lod@lod.lu.
Firwat ginn d‘Suffixen elo eenzel gekuckt? Wat bréngt dës nei Suffix-Reegel mat sech?
Bis elo war et bei der Quantitéitsreegel net kloer, wéi eng Wuertdeeler fir d’Markéierung vun engem laangen oder vun engem kuerze Vokal däerfe matgezielt ginn. Et gouf Suffixen, déi matgezielt goufen (z. B. de {-lech} bei ), an anerer, déi net matgezielt goufen (z. B. de {-schaft} bei ).
Elo gouf festgehalen, datt d’Suffixe wéi eenzel Wuertdeeler gekuckt ginn.
Dëst féiert haaptsächlech zu Ännerunge bei de Wierder op {-chen} an op {-lech}: Märchen, Titchen; wotlech, zimmlech.
Am Text gëtt dacks vu Variante geschwat. Gëtt et do recommandéiert Formen? Wou kann ech déi gesinn?
Am LOD ginn all déi zoulässeg Varianten ugewisen. D‘Niewevariant ass
dann e renge Verweisartikel, deen net ausgebaut ass an normalerweis just
aus enger Zeil besteet (
LOD-Artikel "Equipe"). Vun do aus kënnt een awer per Link op den Haaptartikel, deen dann och där recommandéierter Form entsprécht (LOD-Artikel "Ekipp").
Wouhier weess ech, wéini de laangen [e] am Lëtzebuergesche verduebelt gëtt?
D’Verdueblung vum laangen [e] gouf bis elo net konsequent ëmgesat. Elo ass d’Schreifweis dann zougelooss, wann de laangen [e] an enger betounter Silb steet.
Als Ausname gëllen:
- Bei dëse véier Substantiver (an och bei hiren
Zesummesetzungen an Ofleedungen) gëtt et eng Haaptvariant mat
e an eng Niewevariant mat ee.
Haaptvariant: Alphabet (alphabetesch),
Februar, Medien (Medienhaiser), Meter (symmetresch, Kilometer)
Niewevariant: Alphabeet (alphabeetesch), Feebruar,
Meedien (Meedienhaiser), Meeter (symmeetresch, Kilomeeter)
- Bei verschiddene Friemwierder gëtt de laangen e net verduebelt.
Substantiver op -um an -us (an an Zesummesetzungen, an deenen
se stinn):
Evangelium (Evangelien, mee: evangeelesch), Klerus
(mee: Kleeriker), Tetanus
Cheemesch Elementer: Helium, Neon, Selen
- Friemwierder mat de Wuertdeeler wéi beta-, de-, demo(-), dezi-, ego(-),epi-, hetero(-), mega(-), meta-,
meteo(-), metro(-), neo-, (-)ped(-), peri- , pre-, re-, retro(-), steno(-),
stereo(-), theo-, xeno-
kréie just een e.
- Och d'Lännernimm bleiwen an hirer Grondform onverännert: Chile, Nepal, Norwegen, Schweden. Bei Onkloerheete kann een déi entspriechend Wierder op lod.lu nosichen.
Wéini kréie Wierder eng „lëtzebuergesch“ Schreifweis?
Déi orthografesch Integratioun vu Wierder ass e kontinuéierleche Prozess. Op där enger Säit si mer an enger Phas, an där sech vill Leit un dat geschriwwent Lëtzebuergescht gewinnen, an op där anerer Säit bleift d’Lëtzebuergescht eng Sprooch mat ville „frieme“ Wierder, déi och aus lautleche Grënn schwéier ze integréiere sinn. Duerch den Nasalvokal wäert e Wuert wéi [Chance] deemno keng lëtzebuergesch Schreifweis kréien. Et gouf en Effort gemaach, fir insgesamt méi lëtzebuergesch Grafien zouzeloossen, ouni dat ganzt Schrëftbild vun eiser Sprooch op d’Kopp ze geheien. Hei soll et an Zukunft ëmmer nees Publikatioune ginn, déi erklären, wéi eng Wierder eng lëtzebuergesch Schreifweis kréien.
Firwat gouf d‘n-Reegel net ofgeschaaft?
D’Zil vum neien Text war keng Reform, mee eng Aktualiséierung. D’n-Reegel ass e feste Schreifprinzip, un deem och näischt geännert gouf. Et ass eng Reegel, déi effektiv zu ville Schreiffeeler féiert, mee et ass eng lieserfrëndlech Reegel, d. h. beim Liese weess een direkt, wéi d’Wuert auszeschwätzen ass.
Firwat schreiwe mer elo…
Op dëser Plaz gëtt den {s} wéi eng Genitivendung interpretéiert an dofir gëtt den [a] wéi bei [enges Daags] verduebelt.
Am Prinzip gëllt awer weiderhin, datt Fouenelementer net bei der Quantitéitsreegel matgezielt ginn: [Gebuertsdagsparty].
Bei engem Adjektiv-Suffix mat engem laange Vokal (wéi {-bar}, {-sam}, {-los}) gëtt de leschte Vokal elo ëmmer verduebelt, wann e weidere Konsonant bäikënnt: [wonnerbaart], [wierksaamt], [gehierloost]. Dës Verdueblung ass elo onofhängeg vun der Betounung, d. h. d’Silb kann och onbetount sinn.
Wa bei enger Zesummesetzung ee Wuertdeel eleng ka virkommen (hei: {Bier}), da ginn déi verschidden Deeler fir d’Quantitéitsreegel eenzel gekuckt: Hamm + bier.
Wouhier weess ech, wéini ech en net geschwaten kann ewechloossen?
Et gëtt an dësem Fall dräi Zorte vu Wierder:
- déi, wou een den [e] prinzipiell schreift (ausser, et wëll ee ganz bewosst dat Geschwatent erëmginn): [Allerhellegen], [grujeleg], [héieren]
- déi, wou een déi zwou Méiglechkeeten huet:
[äifereg] / [äifreg]
[wakereg] / [waakreg] (oppasse beim laange Vokal!)
[Wouerecht] / [Wourecht]
- déi, wou een den [e] ëmmer ewechléisst (z. B. bei enger Rei vun deverbale Substantiven op {-ung}): [Handlung], [Kupplung], [Versammlung]
Firwat kréie bestëmmte Wierder elo en extra [e] wéi bei [äifereg] oder [Wouerecht]?
Bei dëse Wierder gëtt d’Grondwuert däitlech gemaach: Am Wuert [äifereg] stécht [Äifer], am Wuert [Wouerecht] stécht [wouer]. Hei ass dat Geschriwwent dacks méi prezis wéi dat Geschwatent.
Bei wéi enge Wierder gëtt de Konsonant um Enn an der Grondform verduebelt?
Bis elo ginn déi Wierder hanne verduebelt, bei deenen de franséische stommen [e] ewechgefall ass: [Etape] → [Etapp], [Gelatine] → [Gelatinn], [Limite] → [Limitt].
Eng konsequent Verdueblung vum Konsonant, wann d’Endsilb kuerz a betount ass, ass den Ament net virgesinn. Dëst léisst sech doduerch erklären, datt et eng Rei Friemwierder gëtt, bei deenen d’Grondform net verännert gëtt: [Bus], [debil], [Politik], [Synonym]. Bei Ofleedungen an am Pluriel gëtt dann awer de Schlusskonsonant verduebelt:
[Bus] – [Busser] / [Bussen], [debil] – [en debille Sproch], [Politik] – [Politicken], [Synonym] – [Synonymmen].
Och dës Verdueblung ass e kontinuéierleche Prozess an den LOD hält déi zoulässeg Grafië fest an informéiert den Utilisateur iwwer eventuell Changementer.
Wéi kann ech gesinn, wéini am LOD nei Wierder bäikommen oder Variante gewiesselt ginn?
Duerch d’Integratioun an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) gëtt den LOD elo méi interaktiv a méi transparent. Och den Text vun der aktualiséierter Orthografie suergt fir méi Kloerheet bei der Schreifweis. Als éischt goufen um Site lod.lu am Oktober 2019 déi sougenannt Infoboxen ageféiert, déi op besonnesch Detailer vun engem Wuert opmierksam maachen (bis elo gëtt et kulturell, orthografesch a grammatesch Informatiounen, déi awer stänneg erweidert ginn). Grad bei där aktualiséierter Orthografie gesitt Der an der Infobox vum jeeweilegen Artikel, ob dëst Wuert eng nei oder eng alternativ Schreifweis kritt.
Donieft wäert den ZLS reegelméisseg op sengem Site
am Menüpunkt „News“ resp. „Orthografie“ déi wichtegst Detailer iwwer
d‘Schreifweis publizéieren. Zéckt och net, fir eis Är Froen ze schécken,
wann eppes fir Iech onkloer ass:
per Mail oder iwwer de Kontaktformulaire.