Well mer nach ëmmer vun deem Virus geplot ginn, ass de Relais pour la vie och dëst Jor nees an der pandemiegemässer Outdoor-Variant duerchgefouert ginn. Jidderee konnt komplett fräi a flexibel iwwert de Weekend zu Fouss oder per Bike fir déi gutt Saach a Beweegung sinn. Ronn 70 Leit haten sech an der Syrdallschoulen-Ekipp ageschriwwen, Enseignanten an Eltere mat hire Kanner an/oder Hënn, si all hunn um Weekend vum 26.-27. Mäerz aktiv hir Solidaritéit mat alle Kriibskranke gewisen a Sue fir d’Kriibsfuerschung gesammelt. Mat der Hëllef vun den Elteren an den Enseignantë konnte mer insgesamt 4570 Eur (Participatiounsbeitrag an Donen) un d'Fondation Cancer iwwerweisen. Iech all en décke Merci fir ären Asaatz!
mardi 29 mars 2022
mat Aktivitéiten aus verschiddene Beräicher vum Medienkompass
Chrëschtdag steet virun der Dier.
Dofir hu mir eis geduecht, mir géifen een Adventskalenner bastelen, dee voll gepaakt ass mat Aktivitéiten aus verschiddene Beräicher vum Medienkompass.
Am Dezember kënnt dir all Dag bis de 17.12. eng kleng digital Dierchen opmaachen, hannert där sech dann entweder e klengt Rätsel oder eng interessant Ressource fir Kleng a Grouss aus dem Beräich vum Medienkompass verstoppt.
Beim Léise vun de Rätsele kritt d‘Klass all Dag zum Schluss ëmmer eng oder méi Zuele matgedeelt. Dës ginn dann ...
lundi 29 novembre 2021
Freides, de 26.November vun 16:05 - 21:00 Auer
Cette année, notre marché de Noël se tiendra le vendredi, 26 novembre 2021 de 16h05 à 21h00 dans la cour du cycle 1 à côté du Syrkus.
All weider Informatiounen fannt der am Elterebréif (lettre aux parents).
vendredi 19 novembre 2021
Vidéo de présentation de notre école (en luxembourgeois)
mercredi 29 septembre 2021
Nodeems de Relais pour la vie 2020 komplett ausgefall war, haten d'Organisateuren Zäit fir sech e pandemiegemässt Konzept auszedenken. Sou konnt jiddereen komplett fräi a flexibel matmaachen. D'Syrdallschoulen-Ekipp huet aus eppes iwwer 100 Leit bestan, Enseignanten, Mataarbechter aus de Maison Relaisen, Elteren mat hire Kanner, ... Si all hunn um Weekend vum 27.-28. Mäerz aktiv hir Solidaritéit mat alle Kriibskranken gewisen a Sue fir d’Kriibsfuerschung gesammelt.
dimanche 28 mars 2021
Wéi (bal) all Joer wäerte mir als “Syrdallschoulen” nees beim Relais pour la vie matmaachen. Déi grouss Solidaritéits-Manifestatioun ka coronabedéngt nach net an der Coque stattfannen. D’Fondation Cancer proposéiert dofir en neit Konzept fir dëst Joer. Wéi der eis ënnerstëtzen oder selwer matmaache kënnt, da gitt der an eisem Elterebréif gewuer.
Nous, les «Syrdallschoulen», participons au Relais pour la Vie. La Fondation Cancer propose un nouveau concept pour cette année, permettant à chacun de participer de manière flexible. D’Fondation Cancer proposéiert dofir en neit Konzept fir dëst Joer. Notre lettre d'informations vous explique comment vous pouvez nous soutenir ou même participer avec votre famille.
The “Syrdallschoulen” team will once again participate in the Relais pour la Vie. The Cancer Foundation proposes a new concept for this year, allowing everyone to participate in a flexible way. In our parents' letter we explain how you can support us or even participate with your family.
mardi 16 mars 2021
Wéi all Joer, hunn d'Schüler*innen aus der CDI-Klass vum Danielle Molitor an dem Dany Weber (Annexe Lënster Lycée/CPO) nees Kalenneren gestalt, dës Kéier am Graffity-Style. De Kontakt fir eng Bestellung fannt der an hirem Flyer.
mardi 17 novembre 2020
St. Nicolas viendra à l'école
04/12/2020
(LU) Weinst den villen Neiinfectiounen ass d'AG vun der Elterenvereenegung déi fir en Dënsten den 27.10.20 geplangt war ofgesot.
(FR) L'Assemblée Générale de l'Association des Parents d’Elèves de l’Ecole Fondamentale de la Commune de Betzdorf est annulée à cause de l'évolution de la pandémie Covid-19.
lundi 19 octobre 2020