D’Lëtzebuerger Sprooch ass an eisem Alldag iwwerall ze fannen; net nëmmen an der mëndlecher, mee och an der schrëftlecher Kommunikatioun. Mir hunn eng flott a lieweg Sprooch a mir kënnen zu Recht houfreg drop sinn. Besonnesch eis Schrëftsprooch ass an de leschte fofzéng Joer duerch d’Opkomme vun neien Technologien an den digitale Medien nach méi wichteg an eisem Alldag ginn. Et ass selbstverständlech, datt mir op Lëtzebuergesch kommunizéieren.
Beim Schreiwe vun SMSen erwëschen ech mech awer selwer heefeg beim Iwwerleeën, wéi dann elo dëst oder dat Wuert geschriwwe gëtt. Allgemeng mierken ech, datt de Wonsch an de Wëllen an der Gesellschaft, fir korrekt Lëtzebuergesch schreiwen ze kënnen an ze léieren, an der Lescht staark gewuess ass an ëffentlech ëmmer méi heefeg gefuerdert gëtt. D’Kommunikatioun op Lëtzebuergesch ass net méi just reduzéiert op de private Beräich, mee och am berufflechen, formellen Alldag gëtt eis Nationalsprooch ëmmer méi wichteg − sief et fir eng E-Mail un de Chef oder en offizielle Bréif un eng staatlech Institutioun.
Net jiddereen, dee Lëtzebuergesch wëll schreiwe léieren, fënnt awer och d’Zäit, fir reegelméisseg an e Cours ze goen. Aus dësem Grond hu mir am Educatiounsministère dës Outilen ausgeschafft, fir jiddwer Interesséierten ze motivéieren, sech mat eiser Rechtschreiwung ze beschäftegen. Et gouf op eng flott a méi innovativ Manéier probéiert, fir eist Reegelwierk verständlech opzebereeden; esouwuel digital wéi och a Form vun enger Broschür. Fir donieft och eise kulturelle Patrimoine anzebannen, goufen traditionell Riedensaarten a bekannten Zitater ausgewielt, déi d’Reegelen op eng flott an authentesch Aart a Weis verdäitlechen.
Ech wënschen Iech alleguerte ganz vill Spaass beim Entdecken oder beim Opfrësche vun eiser lëtzebuergescher Orthografie.
Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
manner uweisen ...