X

Beispiller

 

De Bouf gëtt dem Schmadd eng gutt Drauf. D’Bouwe sinn de gudden Drauwen nogelaf.

Et ass der Kaz schlecht, si motzt a muss katzen.

De Fuuss sëtzt dobaussen um Wues bei der Musel

De Wuess aus der Beieros leeft mer op de Fouss.

 

 

 b oder p, d oder t, w oder f, g oder k an och s:
wéi am Däitschen, awer verduebelt, wann de Vokal kuerz geschwat ass

Wann et dat Wuert esou am Däitschen net gëtt, ass et p, t, f, k. 
Wann et awer b, d, g, w geschwat gëtt, da schreift een et och esou.
z gëtt no engem laange Vokal geschriwwen, tz no engem kuerze Vokal.
En däitschen ss, ß, chs, z gëtt am Lëtzebuergeschen en ss.


 

b oder p

D’PrinziPpien 

 

Mir huelen dat däitscht Schrëftbild: 

brav, Léiw (däitsch: Löwe), Dag (däitsch: Tag), Mount (däitsch: Monat), Mound (däitsch: Mond), Doud (däitsch: Tod), dout (däitsch: tot), ob (däitsch: ob), Schmëdd, Haff 

Ausnamen: Stad (däitsch: Stadt) an och stättesch (well mir am Lëtzbuergesche keen dt hunn)



Wann dat däitscht Schrëftbild ganz anescht ass, schreiwe mer p, t, f, k:

léif (däitsch: lieb), Koup, dat, datt, op (däitsch: auf)

Ausnam: dir sidd


Wann de Konsonant d’Aussprooch ännert, wiessele mer d’Schreifweis:

Blutt, bluddeg, Bréif, Bréiwer, schreiwen, schreif, hie schreift, Keess, Keesen, Präis, Präisser, e léift Meedchen, e léiwe Jong

En einfachen z kënnt nom laange Vokal, en tz no engem kuerze Vokal: 

Kaz (däitsch: Katze), katzen (däitsch: kotzen), motzen, Plaz, platzen, sëtzen, Apelbatz, Mutz, duzen

Den däitschen ss, ß, chs, z gëtt am Lëtzebuergeschen en ss

Weess, Uess, Fuuss, Fouss, Wuess (däitsch: Wachs), Taass, naass, Faass, Gaass (däitsch: Gasse), Mooss (däitsch: Maβ), fläisseg, wuessen, loossen

De mëllen s gëtt net verduebelt, och net wann de Vokal virdru kuerz ass: 

Musel, Quisel

Den einfachen s kann och schaarf geschwat ginn: 

Hues, Kéis, Präis, Wues (däitsch: Wiese), Ris, Gas (däitsch: Gas)

Bei Bus (d’Gefier) gëtt den u kuerz geschwat.

 

Reegelen an Exercicen


1   2   3   4   5   6   7


(um Site vum LOD)

g oder k

arrow

6


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Do kritt een den Duxall gestëbst.
(Alain Atten. Sproochmates. Band II. 2013)
Et stoung e Schnéimann op der Wiss,
‘t war e Koloss! Et war e Ris
Säi Kapp, dat war eng ganz déck Klatz
Säi Kierper war aus engem Batz
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
Dat mécht der Kaz kee Bockel.
(Riedensaart)


En huet e Kapp ewéi en Dechen.
(Traditionell: Pir Kremer. Gekachte Kéis)


En héiert d’Gras wuessen.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Säi Marjänn huet am Haus gewuddert wéi eng Wissbei.

(Henri Losch. Den Hielännerstack. KuErzgeschichten. an: Eis Sprooch, Extraserie Nr. 7. 1986)

Well zum Leschten häss du gär, datt dir kaalwe sollen d'Uessen, datt de Bauer géif en Här.
(Michel Rodange. Dem Léiweckerchen säi Lidd. 1928 [1875/76])
An den Normalstierfleche freet: Wat der Däiwel ass dat doten? Just gäil op Quoten!
(Edel Weis feat. Corbi (beat by Shaolynn). Otemzuch. 2015)
Do kënnt dann du den ale Fuuss An d'Haus e gudden Dag
(Auguste Liesch. Allerhand. 1947)